Vill Leit wëllen hiren Deel zum Klimaschutz bäisteieren. Dobäi fält et hinnen awer dacks schwéier vun haut op muer hir Gewunnechten ze änneren. D'Julie Mathes huet 4 Appen zesummegesicht, déi engem hëllefen am Alldag méi nohalteg ze ginn.

17/01/2020 Mat Appen nohalteg liewen

Zemools wat d'Iessen ugeet ass et dacks méi einfach wéi ee mengt fir hei e bësse méi nohalteg ze ginn. Et muss een natierlech wësse wéi. 
D'App "Olio" ass hei zum Beispill duerfir do fir manner Iessen ze verschwenden. Mat hirem Slogan "Wéini ass Iessen deelen méi komesch ginn wéi et ewechzegeheien?", mécht dës App drop opmierksam, dass een amplaz Iesssaachen, déi een net méi brauch ewechzegeheien mat aneren deele soll. Iwwert dës App ginn Noperen an aner privat Leit matenee verbonnen a sou kann een dat wat een net méi brauch, deem ginn, deen et brauch. Dës Iddi ass also net nëmmen méi nohalteg mee och gutt fir de Portmonni.

Eng aner App, déi sech géint Liewensmëttelverschwendung asetzt, heescht "Too Good To Go." D'Grënner vun dëser App nenne sech Liewensmëttel-Retter. Hir Philosophie besteet doran zesumme mat Restauranten, wéi den Exki oder Dean & Davids, Iessen wat si Recht hunn net ewechzegeheien, mee en neie Plat doraus ze kreéieren. Iwwert d'App kann een dëse Plat da fir ee faire Präis a mat engem gudde Gewësse siche goen.

Eng aner Liewensmëttel App, déi bei den Notzer ganz positiv bewäert gëtt, ass "CodeCheck." Mat dëser App kann ee mat engem gudde Gewëssen akafe goen. Et kann een nämlech all Produit heimat scannen a sou kritt ee genau Informatiounen iwwert de Produit ugewisen. Sou gesäit een dann zum Beispill ob de Produit Palm Ueleg enthält, ob e vegan ass, ob Mikroplastik dran ass a villes méi. Et ass op alle Fall eng App déi engem am Alldag hëlleft wann een drop oppasse well méi bewosst anzekafen.

Een anere Sujet, wou et wichteg ass méi nohalteg ze ginn ass den Energie Verbrauch. "Ecosia" ass hei eng App a Sichmaschinn, déi als Alternativ zu Google steet. Google ass nämlech alles ausser ëmweltfrëndlech. Déi beléift Sichmaschinn um Internet verbraucht nämlech pro Informatioun, déi een hei um Internet sicht méi Energie wéie ee mengt. "Ecosia" ass duerfir eng gréng Alternativ. Dës App planzt am Duerchschnëtt pro 45 Sich-Ufroen ee Bam. Domat mécht dës Google-Alternativ et engem einfach eppes Guddes ze maachen an awer seng Informatiounen ze kréien. Souguer d'Publicitéit an der App ënnerstëtzt Ëmwelt-Projeten ronderëm d'Welt.