Batterië brauch een och haut nach zimmlech dacks! De Problem ass awer datt se zimmlech schlecht fir d'Ëmwelt sinn, well een se schwéier recycléiert kritt. Elo gëtt un enger néier Zort geschafft, se gesi gutt aus, si besser fir d'Ëmwelt an se gi souguer  mat Hëllef vun engem 3D Printer produzéiert.

17/01/2020 Batterien per 3D Drock

A se si souguer nach méi effizient, et kann een also méi laang dovu profitéieren an et muss een net sou séier neier kafen.

Dat soen op alle Fall de Vladimir Egorov a seng Kollege vun der Cork University aus Irland, si schaffen un dësen neie Batterien. Si kënnen sech gutt virstellen, datt een hire Produit geschwënn iwwerall ze kafe kritt, se falen engem direkt an d'Aen a gesinn och nach gutt aus.

 

Fir si ass den 3D Drock besonnesch wichteg:''d'Batterië vun der Zukunft missten eben sou produzéiert ginn'' huet rezent nach Technology Review Online geschriwwen.  D'Fuerscher hätte scho puer Drocktechnike probéiert an et huet sech erausgestallt, datt den 3D Drucker relativ effikass ass. D'Batterie kéint esou vill méi kleng an eben och méi performant ginn. Et wier e Produit, dee sech an Zukunft um Marché aus ästhetesche Grënn an och wéinst dem Komfort kéint duerchsetzen.

 

Bis ewell war d'Industrie extrem virsiichteg a Saachen nei Technologië fir Batterien ze produzéieren. Dofir sinn och vill Verbesserungen aus de leschte Joren sou kleng, datt ee se als Client mol bal net mierkt. Materialwëssenschaftler hunn ugefaange mam 3D Printer ze experimentéieren, fir esou nei Schaltkreesser mat de sougenannte Polymertënten ze produzéieren. Mat dëser neier Manéier ass d'Léiden, also d'verschmëlze vun zwee Metaller, net méi néideg. Hir nei Technologie bréngt et fäerdeg, datt d'Léidplacken all Form kënnen unhuelen an esou souguer en Deel vun der Struktur vum neien Apparat sinn. Dës nei Batterië mussen och net méi eng bestëmmte Form hunn a kënnen ëmmer adaptéiert ginn. Et kritt een d'Batterien aus dem 3D Drucker an där Form wei een se gären hätt.


Updates iwwer d'Fuerschung vun hire néie Batterië fënnt een um Internetsite vun de Studenten.

[¢omments]