E Concert an der Rockhal a Satir zu Téiteng.

16/01/2020 Zwou Iddie fir den Owend

Fänke mir mol zu Esch un; an der Rockhal gëtt et den Owend e Mix aus Dirty Rock, Jazz a Folk. Den Trio nennt sech The Aristocrats a si presentéieren den Owend ënner anerem hire 4. Studioalbum You Know What....? Déi instrumental Rock-Fusion-Band huet eng ganz speziell Manéier fir hir Musek opzehuelen; all Member schreift 3 Lidder an déi ginn dann zesummen am Studio opgeholl, dat versprécht en interessanten Owend ze ginn, d'Diere ginn um 8 op, de Concert fänkt um véierel vir 9 un.

Dann nach kuerz eriwwer op Téiteng an d'Schungfabrik, wou den Owend d'Première vun der satirescher Chronik Fréier wor alles ass. Satir net nëmme vun haut a gëschter, mä och vu virgëschter; déi 2 Chroniker, de Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti, huelen iech mat op eng Zäitrees vun de 60er bis haut. Um 8 den Owend geet et lass, Tickete fannt dir op luxembourg-ticket.lu