Island; e Land mat ganz komplizéierten Nimm fir Vulkaner, d'Iwwerraschung vun der Fussball-Europameeschterschaft 2016 an d'Heemecht vun der Grupp Kaleo.

Déi 4-Mann-staark Grupp huet 2014 fir d'éischte Kéier vu sech schwätze gedoen, dat waren d'Lidder All The Pretty Girls a virun allem Way Down We Go dat ronn 700 Millioune mol gestreamt ginn ass, a Platin an diverse Länner erreecht huet. Dee séieren Erfolleg gouf 2017 mat enger Grammy-Nominéierung an der Kategorie Best Rock Performance geéiert. Net méi spéit wéi gëschter huet d'Grupp aus Island 2 nei Lidder op de Marché bruecht; Break My Baby an I Want More.