Duerch seng Roll am Film ''Dancing with wolves'' gouf hie weltbekannt. Dëse Western konnt souguer 2 Oscare gewannen. Natierlech schwätze mir iwwert de Kevin Costner, deen haut 65 Käerzen op sengem Kuch stoen huet.

18/01/2020 Happy Birthday Kevin Costner

Fir de amerikaneschen Acteur awer just op déi Roll ze limitéieren, wier net fair, well säi Filmrepertoire ass vill méi grouss an hien ass haut jo nach ëmmer e gefrote Star. Nieft sengem Studium fir Ekonomie, huet de Costner och Schauspillcourse geholl an op de Rot vum Acteur Richard Burton, deen hien zoufälleg begéint hat, sech op de Filmbusiness ze konzentréieren, ass hien dunn op Hollywood gaangen. Mat klengen Jobben huet hie du mol iwwert Waasser gehalen a seng Filmer waren Ufanks éischter a liichten a Softsex-Komedie ze fannen.

Mëtt der 1980er Joer sollt dunn alles anescht ginn an 1987 koum den internationalen Duerchbroch mam Film ''The Untouchables'' nieft Sean Connery a Robert de Niro. Nenne mir och nach ''Fields of Dreams'', ''Dances with wolves'', ''JFK'', ''Bodyguard'', ''A perfect world'' an erënnert Dir Iech u ''Robin Hood: Prince of Thieves''?

Dem Costner seng grouss Zäit waren 1990er Joren, ma och duerno war hien a grousse Filmer derbäi, wéi an ''Open Range'', ''Man of steel'', ''3 days to kill'' oder ''Waterworld''. Säin neie Film ''Let him go'' kënnt am Summer eraus an zur Zäit spillt hien an der Serie 'Yellowstone' mat. Wann een duerch seng Filmer scrollt, mierkt een dass hien dach e Faible fir de Wëlle Westen huet, sou war hien och bei der Produktioun vum Dokumentarfilm ''500 Nations'' derbäi, dee sech mat der Geschicht vun den Indianer, der First Nation ausernee gesat huet.

Nieft senger Leidenschaft fir Sport, Basket, Baseball, American Football a méi spéit Golf, spillt Musek am Kevin Costner a sengem Liewen och eng grouss Roll.

Hien ass de Sänger bei der Country Band Kevin Costner & Modern West.

De Costner ass Papp vu 7 Kanner a fir zweet bestuet, mam Christine Baumgartner. A wann Dir e weider gudde Film mam Kevin Costner wëllt gesinn, dat kuckt ''Hidden Figures''. Fir dës Roll konnt hien ënnert anerem e Screen Actors Guild Award gewannen.