Als Internetnotzer si mir alleguer mat verantwortlech fir de Klimawandel. Dat ass deene meeschte Leit net sou bewosst. Ma Wëssenschaftler hunn awer erausfonnt, dass den Internet mindestens fir genausou vill CO2 Emissioune suergt wéi de Loftverkéier. Julie Mathes.

20/01/2020 Internet ass mat Schold um Klimawandel

Den Internet ass eppes wat een aus eisem Alldag net méi ewechdenke kann. Ob dat ass fir Videoen op Netflix ze streamen, Whatsappen ze verschécken oder op Google Informatiounen nozesichen. Mat engem Klick ass dat hautdesdaags méiglech. Ma wat déi meescht Leit hei dacks vergiessen ass, dass och dat Energie verbraucht an eisen CO2-Foussofdrock vergréissert. Sou si mir all Dag mat sou engem Klick mat fir de Klimawandel verantwortlech. Experten fäerten hei, dass d'Digitaliséierung de ganze Problem an Zukunft nach verstäerkt. Och d'Politiker hunn dat erkannt. D'Margrethe Vestager, d'Vizepresidentin vun der EU-Komissioun, betount hei, dass den enormen Energieverbrauch duerch den Internet eng grouss Erausfuerderung fir d'EU ass.

Et gëtt awer glécklecherweis eng gutt Noriicht, well beim Internet ass et méi einfach op nohalteg Solutiounen ëmzeklammen, wéi zum Beispill beim Fluchverkéier. D'Léisung hei ass, dass grouss Entreprisen, wéi Facebook an Apple , déi immens vill Energie brauchen, radikal op Ökostroum ëmklamme mussen. Eng Grupp vun IT-Experten schafft drun fir de groussen Entreprisen dës Léisungen ze vereinfachen an hinnen méi no ze bréngen, dass dat am Fong nëmme positiv Konsequenzen fir si huet. D'Experten hunn hei ënner anerem erausfonnt, dass souguer d'Änneren vun der Programméiersprooch schonn dozou féiere kann, dass d'Entreprisen massiv un Energie spueren. Si betount awer och, dass hei dacks onnéideg Funktiounen dozou féieren, dass vill méi Energie konsomméiert gëtt, wéi am Fong néideg ass. Hei nennt hien als Beispill déi berühmt Musek-App "Spotify", déi bei verschiddene Lidder Musekvideoen am Hannergrond spillt, déi méi fir d'Stëmmung do sinn, wéi datt se gekuckt ginn. A sou Saachen brauchen immens vill Energie an hei kann ee ganz einfach drop verzichten.

Wann also grouss Entreprisen sech e bëssen upassen ass scho vill erreecht. Ma och als Privatpersoun kann een awer hei e positiven Beitrag leeschten. Sou kann ee sech zum Beispill eng Limitt setzen wat d'Streamen vu Serien a Filmer ugeet. Amplaz all Dag 4 Folgen ze kucken kann een dat reduzéieren an nëmmen all zwee Deeg 1 Folleg kucken.