All 2. Rees gëtt mëttlerweil online gebucht. D'Stiftung Warentest huet Online-Portaler fir Reesen ze buchen getest a gëtt Tipps wéi een dës Clever notze kann.

20/01/2020 Reesportaler Clever notzen

Et soll een op kee Fall direkt déi éischt bescht Offer huelen. Och wann de Site engem matdeelt dass dat dee beschten Deal ass. Wielt d'éischt är Virléiften aus. Mat oder ouni W-Lan, grousst Bett oder duebelt Bett, Vu mer oder Piscine.

Wichteg ass och d'Funktioun ze notzen déi engem alles nom Präis oder no de Bewäertungen affichéiert.

Wann am perséinlechen Dramhotel näischt méi disponibel ass, dann heescht dat net dass a wierklech näischt méi fräi ass. De Kontingent un Zëmmeren déi den Déngschtleeschter fir sech an Usproch geholl huet ass warscheinlech opgebraucht. Hei lount et sech direkt mam Hotel selwer ze kucken.

Verloosst iech och net op d'Bewäertunge vun aneren User. Iwwerall wou eppes am Internet bewäert ka ginn ass de Risiko grouss dass et Fake-Bewäertunge ginn. Dëst kann een evitéieren an deem een déi schlecht als éischt liest. Esou léist sech erausfannen ob et hei ëm Klengegkeete geet oder ob awer de Bagger niewendru steet, an d'Mier just e knaschtege Pull ass.
D'Kritike vu Famille mat Kanner sinn déi déi sech ukucke soll. Kuckt ob se vun enger Koppel oder vu Leit geschriwwe goufen déi eleng ënnerwee waren.

Sollt een eemol eppes annuléiere mussen, an et huet ee méi reese gebucht, dann ass net automatesch duerch d'Annuléier-Funktioun all Zëmmer geläscht. Ënner Ëmstänn muss een dat fir all Rees eenzel maachen.

Sollt der wëlles hunn eng Plainte géint d'Reesportal ze deposéieren dann ass et net vu Muttwëll ze kucke wou déi Firmaen hire Siège hunn. Deen ass meeschtens am Ausland. Bei Booking.com ass en z.B an Holland.

Eriwwer da bei déi déi am Test gutt ofgeschnidden hunn: Bei de Vakanzewunnenge war et AirBNB a FeWo Direkt. Si kruten Nout gutt. Bei den Hoteller huet Expedia gewonnen direkt hannendru komme Booking an Hotels.com