Den 18. Januar 1882 koum den Alan Alexander Milne op d'Welt an dat ass keen anere wéi dem Winnie-the-Pooh säi Papp. An dofir gouf dann dësen Dag einfach mol vum Winnie Puuh oder Winnie-the-Pooh erkläert. Ween dësen Dag an d'Liewe geruff huet, ass net ganz kloer, et sief!

18/01/2020 An 100 Sekonnen: Winnie-the-Pooh Dag

Nieft Theaterstécker a lëschtegen Essayen hat de Milne virun allem Kannerbicher geschriwwen, sou och an den 1920er fir säi Fils Christopher Robin déi weltbekannte Geschichten vum Pooh de Bier.

Dem Walt Disney seng Duechteren hunn dës Bicher gäre gelies an de Milne, deen e grousse Bewonnerer vum Disney war, hat selwer Interessi ugemellt a géif sech geéiert fillen wann den Trickfilmkonzern seng Geschichten animéiere géif. Abee den Disney hat d'Rechter awer réischt 5 Joer nom Doud vum Milne kaaft a schlussendlech koum de Kuerzfilm Winnie the Pooh and the Honey-Tree 1966 eraus. Domadder war de Startschoss gi fir weider Filmer a Serien.

Ma och aner Filmer goufe gedréint, déi sech mat der Geschicht ronderëm de Winnie-the-Pooh ausernee gesat hunn. Sou zum Beispill 2017 Goodbye Christopher Robin mam Domhnall Gleeson, e Film, deen e melancholesche Bléck op d'Entwécklung vun deene Geschichten bei der Famill Milne geheit.

E Joer drop koum Christopher Robin an de Kino mam Ewan McGregor, deen de grousse Christopher Robin spillt an de Winnie-the-Pooh, den Tigger, Piglet oder Rabbit nees begéint.

Dem Disney säi Winnie-the-Pooh krut 2006 e Stär um Walk of Fame zu Hollywood an a villen Disney-Fräizäitparke ginn et och eng Rëtsch Attraktiounen ronderëm dee gëllene Bier.