Am Escher Theater gëtt muer an e Sonndeg dat bekannt Routkäppchen gespillt.

17/01/2020 Tipp fir de Weekend

Den Dan Tanson als Spiller an Erzieler, an de Michel Boulanger um Cello, hunn sech un der traditioneller asiatescher Erzieltechnik inspiréiert, fir de Bridder Grimm hiert Märchen op d’Bün ze bréngen. E subtilt Zesummespill vun Erzielung, Musek an Objettheater erméiglecht de Kanner en onverfälschten Zougang zu den Emotiounen an der Geschicht, a léisst hinnen nawell vill Raum fir hir eege Fantasie.