Wou soll een 2020 an d'Vakanz goen? Och den däitsche ''Spiegel'' huet sech domadder beschäftegt an stellt Stied vir an déi een dëst Joer onbedéngt muss reesen. A Loïc Juchem, do kritt ee richteg Loscht op Vakanz!

18/01/2020 Trend-Stied 2020

Parma an Italien. -D'Haaptstad fir ee Joer.
Gudde Kéis a gutt Ham kenne mer, ma e Besuch an déi norditalienesch Staat lount sech net nëmme fir Iessbegeeschterter. 2020 kommen och Oper-, Musek-, Theater- a Konschtbegeeschtert Léit op hier Käschten. Parma ass dëst Joer nämlech Italienesch Kulturhaaptstad a wäert mat ville Presentatioun an Debatten ënnert anerem op der grousser Piazza Léit unzéien. Wann et dëst Joer heescht mir fueren op Florenz oder Roum, da loosst Parma net lenks léien, mee fuert vrun der Autostrada nach viru Bologna erof.

Tokio. -Ëmmer méi héich, ëmmer méi schnell an ëmmer méi weit.

2020 sinn et virop emol d'Summerspiller déi ganz vill Sportbegeeschterter wäerten unzéien. Déi Japanesch Haaptstad invitéiert d'Spëtzesportler vun der ganzer Welt ab dem 24. Juli.
Iwwerhaapt huet déi Japanesch Tourismusindustrie dëst Joer vill wëlles. Alles an allem solle 40 Millioune Léit d'Land dëst Joer besiche kommen, si rechnen och mat ëmmer méi Leit aus China a Südkorea.
''Spiegel'' recommandéiert engem net nëmmen Tokio an net nëmme Stadionen ze besichen. Blieder vun de Kiischtebeem, Summertemperature vum Mee un an d'Wanderen an de Bierger sinn nëmme puer wieder Highlighten. Och Osaka a Kyoto soll een net vergiessen.

Galway an Irland.

Ass eng vun den zwou Kulturhaaptstied vun dësem Joer. Vill Pubs a vill Musek erwaarden een hei. D'Hafestad un der Westküst vun Irland wëll mat Theater, Concerten, Konscht a Literatur grouss Welle schloen.
Zu Galway gëtt et och deen eelsten Austerefestival, et wier déi ,,gréisst Gourmet-Extravaganz'' aus ganz Irland an a munche Reesguide steet de Festival souguer bei de 50 Saachen déi ee muss gemaach hunn, ir ee stierft.

Eng weider Hafestad an och Kulturhaaptstad ass Rijeka a Kroatien.

450 Aktivitéiten, net nëmme kultureller mee och sozial Projete ginn do ënnerstëtzt. Wichteg ass de Responsabelen och déi Léit, déi do wunne mat am Projet ,,Kulturhaaptstad 2020'' anzebauen. Migratioun, Naturkatastrophen a Kricher si weider Sujeten iwwert déi zu Rijeka geschwat gëtt.
Vill Kultur also, ma awer och vill Entspanung. Et léit een direkt un der Adria, et kann een also och e gemittlechen Dag op der Plage verbréngen.

Frënn vun der klassescher Musek mussen onbedéngt op Bonn.

250 Joer Ludwig-Van-Beethoven gëtt an der fréierer däitscher Haaptstad dëst ganzt Joer gefeiert. ,,Lonely Planet'' schwätzt vun enger Top-Destinatioun. An dem frësch renovéierte Beethoven-Haus gëtt een och alles iwwert de Mann gewuer, deen 1770 do gebuer ass.

Wat dierf 2020 nach net feelen? Dubai.

Eppes Futuristesches huet Dubai sécher, vill Glamour gëtt et och an an d'Wüst kann een och goen. D'Weltausstellung geet am Oktober lass, iwwert 190 Natioune si mat dobäi a Mobilitéit, Nohaltegkeet a virun allem och Chance sinn déi dräi grouss Expo-Themen.
Dubai ass deier, et gi vill gutt Restauranten,zanter kuerzem jo och vum franséisch Stärekach Alain Ducasse. Ma et gëtt och eppes fir Leit mat klengem Porte-Monnie et muss ee just e bësse sichen. De ''Spiegel'' recommandéiert engem och déi ganz néi ,,Marmoon Reserve'', e risegen Déierepark ouni Drot mat 204 verschiddene Villercherszorten, 26 verschidden Zorte vu Reptilien an iwwer 500 Flamingoen.