CES ass déi gréissten Expo fir Elektronik. Se ass nach net laang eriwwer, elo ass een hei op eng Societéit opmierksam ginn déi eng nei Zort u Kontaktlëns erausbrénge wëll. Wann ee bis héiert ëm wat et geet, da kann ee sech mat Recht d'Fro stellen wou eis dat digitaalt Zäitalter nach wäert hi bréngen.

21/01/2020 Augemented-Reality Kontaktlënsen

Et ass eng amerikanesch Start-Up mam Numm Mojo Vision déi hei Kontaktlënsen virgestallt huet. Kontaktlënse fir Leit déi eigentlech keng brauchen déi awer och eng Hëllef kënne sinn fir all déi, déi schlecht gesinn oder praktesch blann Sinn.
Mat der Lëns am A soll een net nëmme besser gesinn, nee, se huet och nach eng Augementet Reality Funktioun. Se kann engem also am Alldag nëtzlech sinn. Den Informatiounsfloss geet ëmmer méi séier an et gëtt ëmmer méi schwéier fir do nach matzehalen. Och wann ee permanent connectéiert ass.  
Mat der Kontaktlëns kritt een elo déi néideg Informatiounen virun Aen gehal.
Um Prototyp ass an der Lëns de Moment nach e Schwaarz-Wäissen Display agebaut. Spéider soll dësen duerch e faarwegen  Ecran ersat ginn.

Se kënnen engem Text uweisen, Objeten erkennen an och d'Beweegungen déi mer mat den Aen erkennen, Zäit uweisen an, se kënnen maachen dass se nuets besser gesäit. Et erlieft ee seng Welt e bëssen esou wéi een dat aus den Terminator Filmer gesäit. Hei scannt den Arnold Schwarzenegger mat sengen Aen Géigestänn fir se esou z'identifizéieren.
Den Alldag soll, den Hiersteller no, méi einfach ginn. Duerch eng nei Technik, déi sech Invisible Computing nennt, ass dat ganzt iwwerhaapt emol méiglech. Grousse Virdeel, et kritt ee just déi Informatiounen ageblent déi een och wierklech brauch.
Dat ganzt ass iwwregens net nëmmen eppes fir Technik-Fans, se soll och Leit hëllefen déi schlecht gesinn. Dernieft ka se Texter vergréisseren oder Kontraster besser duerstellen.

Eng Flott Saach. Nach méi flott wier et, wann een domat ausblennen kéint wat een net wëll gesinn.