D'Iddi kléngt nawell kamoud: et schéckt een einfach säi Spaut eran, a kritt opgrond vun der eegener DNA ee geneeën Iessplang geschéckt. Do stinn dann nëmme Saachen drop, déi engem hëllefen ofzehuelen, oder einfach méi gesond ze liewen. De Regime gëtt also quasi vum eegenen Kierper diktéiert. Nutrigenetik heescht dat Ganzt. Wat an ob dat eppes bréngt huet d'Julie Dupont.

21/01/2020 Eis Gene bestëmme wat mer iesse kënnen?

Kee Mënsch ass d'selwecht, a responsabel dofir sinn eis Geenen. 22.500 dovun huet all Mënsch. Wat eis vun enaner ënnerscheed, mécht awer nëmmen 0,3 Prozent vun all eise Geenen aus. Dat si mol keng 100 am Ganzen. An d'Nutrigenetik dréint sech ëm eben déi 0,3 Prozent vun eise Genen. Un hinne soll et nämlech leien, dass et Leit ginn déi gesond an ausgeglach iessen an awer nach bäihuelen, iwwerdeems aner Leit Pizza a Schokla kënnen iessen, ouni ee Gramm Fett um Leif ze hunn.

D'Nutrigenetik ass eng relativ nei Branche vun der Ernährungsfuerschung. An deementspriechend ass nach laang net alles gewosst iwwert Zesummespill tëscht Iessen an eisem Kierper. Dass et awer nach genuch ze fanne gëtt weist eng relativ rezent Entdeckung. Et geet ëm den "FTO-Geen". Ufanks hat ee geduecht, dass dëse Geen eist Hongergefill géif steieren. Elo gouf awer festgestallt, dass den FTO-Geen eigentlech d'Fettverbrennung steiert. Also de Fettzelle matdeelt, wéini Reserven solle gehalen oder verbraucht ginn. Villes ass a bleift awer nach onbekannt.

Op der anerer a manner wëssenschaftlecher Säit vun der Nutrigenetik setzen schonn eng Rei Entreprisen. Net wierklech erstaunlech, well mat Verspriechen wéi "keine 08/15 Diät, sondern 100% du!" lackelt ee Clienten déi bereet sinn  ze bezuelen. Dobäi soll ee virsiichteg sinn bei dëser Zort Regime. Well nach ass net genuch iwwert eis Genetik gewosst fir mat Sécherheet ze soen, wéi eng Liewensmëttel fir all Eenzelnen gutt oder net gutt sinn. Ee Beispill firwat esou Tester geféierlech sinn? De Geen MTHFR. Bei all 10. Persoun gëtt et op dësem Geen eng Mutatioun, déi mécht dass d'Folsaier net verdroe gëtt. D'Resultat fir déi Betraffen: chronesch Péng, extrem Middegkeet an Depressiounen.