Minusgraden déi ganz Woch iwwer an den Nuechten. Wat do wichteg ass, ass natierlech eng gutt waarm Decken! Besonnesch waarm halen Decke mat Plommen dran. Vu wou déi Plomme kommen, a wat dat fir d'Déieren hannendrun heescht, weess d'Julie Dupont.

21/01/2020 Wouhier kommen d'Plommen an eiser Decken?

Et ass ee wonnerschéint Gefill wann een ënnert enger waarmer Decke läit! An dacks sinn et d'Daunen vun den Inten an de Gänsen déi geholl ginn fir eis Jacketten, Decken oder och Këssen ze fëllen. Daune späicheren nämlech d'Loft tëscht sech of. An doduerch, dass eise Kierper Hëtzt un eis Decken ofgëtt, gëtt des Loft da waarm a bleift et och.

Hei an Europa dierfen d'Plommen net méi ausgerappt gi wann d'Déieren nach liewen. D'Ausnam ass wann d'Déieren grad an der Mauser sinn. Da verléieren an erneieren d'Villercher hier Plommen. Ganz duuss mussen déi eenzel Plommen dann erausgezu ginn. Eigentlech. Vue dass bei dausende vun Déieren an engem Betrib awer net alleguer dee selwechte Moment hir Plomme verléieren, ginn dacks d'Plommen awer nach brutal erausgerappt. D'Konsequenz vun dëser Praxis: d'Déieren leiden enorm, a brieche sech dacks eppes, hu schlëmm Wonnen déi dann ouni Narkos erëm zougebutt ginn. Dëst ass virun allem nach bei Länner aus den ëstlechen Europa-Länner de Fall. An natierlech a China, wou et guer keng Moossnamen gi fir d'Déieren ze schützen. An de Gros vun de Plommen hierkënnt. 

Wien oppasse wëll huet e puer Méiglechkeeten. Ee staark kontrolléiert Label ass den "Downpass". Fir dëse Label ze kréien muss all méiglech Informatioun iwwert d'Betriber an d'Déierenhaltung vun engem externen Auditeur kontrolléiert ginn. An och duerno beim fäerdege Produit, muss de Client alles zeréckverfollege kënnen.

Wien keng Plomme a senger Decke well kann op Alternativen zréckgräifen. Naturfaser a Konschtfaser gëtt et. Zur Naturfaser gehéiert zum Beispill den Hanf oder d'Merino-Woll. Bei de Konschtfasere fënnt een dogéint Polyester a Lyocell, déi vum ökologesche Standpunkt hier awer och net ëmmer gutt ofschneiden. 

Béid Alternativen zu Plommen halen eis awer weiderhi waarm, an dat ass et jo wat um Schluss zielt!