Wéi eng Reglementer ginn et an der Schwämm wann iwwerhaapt oder mécht do all Schwämm wéi se wëll wann et drëm geet wéi eng Schwammbox, respektiv Schwammkap ee muss unhunn?

21/01/2020 Firwat dierf een an der Schwämm keng Boxershorts unhunn?

Mir hu bei der Syrdall Schwämm nogefrot. Hiren Direkter Mark Schäffer sot, dass et do keng national Gesetzer ginn, also keng eenheetlech Regelung, och net bei de Schwammboxen. Ënnerwäsch ënnert der Schwammbox, dat wier allerdéngs eng Problematik.

Op e puer Plazen gesäit een dach och, dass ee keng Kap méi brauch. An dat huet och e Grond, well mam Laf vun der Zäit huet sech eppes verännert: d'Filter-Systemer si méi performant ginn.

Mä et kann ee soen bei all de Schwämmen gëtt et eng gëllen Reegel éier een an d'Waasser klëmmt: sech virdrun duschen!

Um Enn spillt also wéi sou dacks de gesonde Mënscheverstand