Zanter gëschter ass an der Schwäiz erëm eng méi lass ass. Fir genee ze sinn, an der Stad Davos. Fir déi 50. Kéier treffe nieft Politiker an Entreprisen och Aktivisten a Privatleit um Weltwirtschaftsforum openeen. Mee firwat gëtt et dee Forum iwwerhaapt, a wiem bréngt en eppes? D'Julie Dupont huet no Äntwerte gesicht.

22/01/2020 Wat ass eigentlech de Weltwirtschaftsforum zu Davos?

Zanter 50 Joer steet d'Uertschaft Davos all Joer op en Neits am Zentrum vu wirtschaftleche Problemer an Thematiken. Et ass ee Rendez-Vous deen net ausgelooss gëtt. Kofi Annan, Nelson Mandela, Yasser Arafat, Ban Ki-Moon, a Putin, sinn nëmmen e puer Nimm déi beim WEF schonn dobäi waren.

Ronn 3000 Leit sollen dann dëst Joer zu Davos mat dobäi sinn. Der Stad Davos no wiere ronn een Drëttel dovun ganz einfach Leit. Déi also keng gréisser Muecht hunn, mee trotzdem wëllen dobäi sinn, fir matzeschwätzen. Eppes wat awer eréischt an deene läschte Joeren opkomm ass. Soss waren et nämlech d'Chefetagen an d'politesch Entscheeder déi sech an der Schwäiz getraff hunn.
D'Schwäiz war do och net aus Zoufall eraus gewielt ginn. 1971, wéi de Klaus Schwab den éischte Kongress organiséiert huet, deemools an éischter Linn fir d'EU Länner, war et nach d'Zäit vum kale Krich. Doduerch wier d'Wiel op déi neutral Schwäiz gefall, fir déi verschidde Länner an Entreprisen zesumme op ee groussen Dësch ze kréien. An se virun allem un d'Schwätzen ze kréien.
Dem Schwab ass et eegenen Aussoen no drëms gaangen eng Plattform ze bidden, vun der jiddereen vun neien Iddien an Inhalter profitéiere kéint, an een zesummen Léisunge fir aktuell Problematike sollt fannen.

Ob dat gegléckt ass, ass net ëmmer einfach anzeschätzen. Richteg konkret Resultater, nieft Rapporten no den Treffen ginn et net onbedéngt. An dat ass och eng vun de Kritiken déi méi dacks opkommen. Donieft wär d'Treffen ze elitär, an doduerch erëm ze wäit fort vun de wierkleche Problemer déi mer op eiser Welt hunn. Dat ass awer eng Kritik déi de Klaus Schwab net acceptéiert. Op politeschem Niveau, fir nëmmen ee Beispill ze nennen, wier zu Davos souguer schonn ee Krich tëscht der Tierkei a Griicheland verhënnert ginn, esou de Schwab. Och vill Projeten, op déi en houfreg ass, wieren zu Davos an d'Liewe geruff ginn. Dorënner seng Zesummenaarbecht mam Bill Gates, aus der d'"Gobal Alliance for Vaccines and Immunisation" entstanen ass. Eng Organisatioun déi Kanner an aarme Länner en Accès fir Impfunge méiglech mécht.

Dëst Joer huet een sech als Thema "Stakeholder für eine zusammenhaltende und nachhaltige Welt" ginn. Nieft dem Greta Thunberg dat schonn deen éischten Dag vun der Konferenz geschwat huet, sinn och aner jonk Aktivisten invitéiert ginn fir hiert Uleies un déi ganz Grouss weiderzeginn. Et dierf een also gespaant sinn, ob a wat fir Léisungen fir eis Zukunft fonnt ginn.