Ëmmer wa bei eis an der Meteo iwwer "Hecto Pascal" riets geet, da schwätze mer iwwert de Loftdrock. Leschte Méindeg gouf et hei zu Lëtzebuerg een neien Loftdrock-Rekord.

22/01/2020 Loftdrock-Rekord 06h40

Den neien Loftdrock-Rekord läit elo bei 1048 hPa. Deen ale Rekord aus dem Joer 2016 war bei 1047,2 hPa.

Am Moment ass et en Héichdrockgebitt dat eist Wieder bestëmmt a fir déi Rekorder suergt. Héije Loftdrock ass awer net gläichzesetzen mat schéinem Wieder. Dass et den Ament net vill Wolleken ginn, huet och mam Loftdrock ze dinn.