An deene leschte puer Joer ass et ee richtege Marché ginn, fir nei Aart a Weisen ze fannen, wéi mer an engem Buttek bezuele kënnen. Méiglech gemaach duerch ganz nei Technologien. Elo huet Amazon erëm eppes Neies opweises. D'Julie Dupont doriwwer, wéi eis Hänn geschwënn ee ganz neie Wäert kréien.

22/01/2020 Bezuele mer gläich mat der Hand?

Et kann engem schonn dronke gi mat all deene Méiglechkeeten, fir ze bezuelen. Wat sech fréier nach op Boergeld a Kaart limitéiert huet, kann elo mam Handy, der gescheiter Auer oder Krypto-Wärunge wéi Bitcoin gemaach ginn. Bezuelen... Et schéngt, wéi wann eng reegelrecht Cours amgaange wier, fir déi nächst futuristesch Method ze fannen, fir weider Suen auszeginn.

Amazon huet dann elo eis Hänn genee ënnert d'Lupp geholl. Besser gesot d'Muster vun de Venen an eisen Hänn. Duerch ee Scanner soll d'Venemuster vum Client erfaasst ginn. Dëst Muster gëtt da mat der Kreditkaart vum Client verbonnen. Esou géif et dann duergoen, d'Hand an ee Scanner ze halen, ee Moment ze waarden a scho kann ee sech mat sengen Akeef op de Wee heem maachen.

D'Iddi ass scho méi laang an der Maach. Schonn am Juni 2018 huet Amazon eng Patentufro zu dëser Technik gestallt a lescht Joer sollen der New York Post no och schonn éischt Tester gemaach gi sinn. Amazon hält sech awer an der ganzer Saach nach bedeckt a seet offiziell nach net ze vill iwwert dëse Projet. Vläicht och, well et nach e puer Kniet ze léise ginn, ier d'Technik prett ass fir de Public. Et ass zum Beispill nach net kloer, ob a wéi et soll méiglech sinn, méi wéi eng Kreditkaart mat eisen Hand-Daten ze verbannen. An dann erauszesichen, op wéi enger d'Sue schlussendlech ofgebucht ginn. Donieft haten Hacker schonn 2018 demonstréiert, dass een esou eng Venen-Technologie schonn duerch Hand-Attrappe manipuléiere kann.

Asetze wëll Amazon dës Technik virun allem an hirer Bio-Supermarchéeë Whole Foods. Dass d'Technologie awer och un aner Entreprise verkaf gëtt, ass warscheinlech. An d'Donnéeën iwwert eis Hänn wëll den Internet-Gigant awer fir sech halen, an an déi hauseege Cloud speisen. An dann natierlech mat den existéierende Konto-Informatioune vum Client verbannen. Well esou wäertvoll Donnéeë wäert Amazon ganz sécher net aus der Hand ginn.