D'Fro op et d'Midlife-Crisis gëtt ass wéi et schéngt gekläert. Et gëtt eng Phase am Liewen, wou de Mënsch am onglécklechsten ass. Et betrëfft Leit iwwerall op der Welt. Bewisen ass awer och dass et erëm besser Zäiten ginn.

22/01/2020 Etude: den Héichpunkt vun der "Midlife Crises" huet ee mat 47,2 Joer

500.000 Leit weltwäit hu bei enger Etüd matgemaach, déi sech zum Zil gesat hat, erauszefannen ob a wéini et eng Midlife-Crisis gëtt.

Den Alter wou een an der Moyenne dra kënnt läit bei 47,2 Joer. Den déifste Punkt ass da mat 48,2 Joer erreecht. Vun deem Moment un klëmmt d'Glécksgefill erëm.
En interessanten Ënnerscheed ass dann awer tëscht Mann a Fra festgestallt ginn. Bei de Fraen an Amerika koum d'Midlife-Kris scho mat Enn 30. Bei de Männer war et mat ugangs 50 de Fall.

Opgefall ass och dass den Déifpunkt vun der Kris ëmmer no der selwechter Zäit erreecht ass.

Den Diagramm op deem de Verlaf vun der méi komplizéierter Zäit am Liewe ka festhale kann een sech wéi en U virstellen.
Et huet och keng Roll gespillt, wou an der Welt ee wunnt oder wéi vill ee Verdéngt huet.

Dat bedeit dass eleng Alter eng wichteg Roll fir den Emotionalen-Zoustand verantwortlech ass. Den Test gouf an 132 Länner gemaach, do kann ee sech kaum ieren, mengt de Wirtschaftswëssenschaftler David G. Blanchflower.

Wisou kënnt et iwwerhaapt zu der Kris? An deem Alter stinn déi Betraffe fest am Liewen. Meeschtens huet eng Aarbecht, deen Een oder Aneren huet scho Karriär gemaach, eng Famill mat Kanner hannert sech stoen, Haus kaf a vill vun der Welt gesinn.

Dat klengt alles gutt, ma dat léist een dacks an e Lach falen. Soll et elo esou bleiwen. War dat alles? Wat maachen ech an Zukunft?

Et ass och net vill anescht wann een nach Ziler wëlles huet ze realiséieren. Hei kënnt engem dacks de Gedanken, dass dat wat een elo nach net erreecht huet, och net méi erreecht ka ginn.

Zu de Symptomer zielen iwwregens, dass een allgemeng mat ville Saachen am Liewen net méi zefridden ass. Et ass traureg oder ëmmer gereizt.
Et huet een d'Gefill aus senge Gewunnechten auszebriechen oder virun allem fort ze lafen.

Et mécht een sech Suerge virum Alter oder ebe fir krank ze ginn, oder et hält ee sech méi mat jonke Leit op.

Dat sinn e puer Indicateuren déi op eng Midlife Crisis deiten. Dogéint kann een awer maachen. Zum Beispill d'Gespréich sichen. Sief et mam Partner oder ënnert der Forme vu professioneller hëllef. Hei kann een zesummen no Méiglechkeete siche fir de Problem éischter oder besser an de Grëff ze kréien.

Et ass awer och wichteg seng Gedanken z'akzeptéieren. Et ass een ebe keng 20 méi. Wat awer net heesche soll dass näischt méi mat engem ugefaangen ass.
Denkt och ëmmer drun dass d'Wiss beim Noper awer net ëmmer méi gréng ass.