Musek ass déif an eiser Natur verankert. Scho Puppelcher reagéieren am Bauch vun der Mamm op Téin a Rhythmen. Dass een direkt matgerappt gëtt an sech gäre Beweegt, dat schéngt eis ugebuer ze sinn, egal op mer mat de Féiss wackelen, oder en Charleston op d'Pist bréngen. Iwwerraschend ass och dass eise perséinlechen Danzstil genee esou individuell ass wéi e Fangerofdrock.

22/01/2020 Mam Danz de Smartphone entspären

Eleng unhand vun hire Beweegunge kann een eng Persoun identifizéieren. Smart Computeren erkennen den Dänzer deemno erstaunlech zouverlässeg, egal op een sech op Jazz, Pop oder Reggae beweegt. Wéi mer danze seet also vill iwwert eis Perséinlechkeet an eis Stëmmung aus, ma dat ass net dat Eenzegt wat den Danzstil verréit. Anscheinend kann en eis esouguer komplett identifizéieren.

E puer Fuerscher ronderëm d'Emily Carlson op enger Uni a Finnland hunn dëst elo duerch en Zoufall entdeckt. Eigentlech wollten se just erausfannen op de Computer e Musekgenre erkennt, zu där eng Persoun danzt. Den Test huet allerdéngs net wierklech geklappt an de Computer huet manner wéi 30% vun de Museksrichtunge geroden. Dofir ass em awer Eppes anescht gegléckt, en huet nämlech erkannt, wei vun deenen 73 Testpersoune grad danzt.

Hei loun d'Trefferquote vum System bei 94%. Danzbewegunge schéngen also eng Aart Fangerofdrock ze sinn, onofhängeg vun der Musek.

Trotz allem hu verschidden Dänz net geklappt. Besonnesch wa Metall Musek gelaf ass. D'Erklärung vun de Fuerscher ass déi dass den Danzstil vun de Leit, also Headbanging sech hei ze vill gläicht an déi eenzel Persounen net vuneneen ënnerscheet ginn.

Well eisen Danzstil esou individuell ass, kéinten an Zukunft och Systemer déi d'Gesiicht erkennen nach duerch d'Danzerkennung ergänzt ginn. Vill méi froen d'Fuerscher sech awer wat dëst Resultat iwwer d'Musikalitéit vum Mënsch verroden. Ass den Danzstil duerch d'Kultur markéiert, bleift en e Liewe laang d'selwecht? Kënne Mënschen d'Differenze beim Danze grad esou gutt erkenne wéi de Computer? Eng Etüd déi nach vill Froen opwerft.