E Muskelkater kritt een net nëmmen duerch sportlech Aktivitéiten. Wien schonn eemol eng gutt Hand beim Plënneren ugepaakt huet, dee weess dass een och hei Péng an d'Been oder an d'Äerm kréie kann. Dat ganzt ass keen Drama. Et kann awer e bëssen daueren bis en erëm ewech ass. Wat kann een also maachen?

23/01/2020 Sport hëlleft géint Muskelkater

De Wee an de Fitnessstudio ass fir vill Leit all Dag um Ordre du Jour. Wien hei séier e Resultat wëll gesinn dee muss vill dofir maachen. D'Gewiichter dacks verännere fir esou e Maximum u Kraaft mussen opzebréngen. Méi Kraaft ass besser fir de Muskel? Net onbedéngt, wien et iwwerdreift kennt de Problem vum Muskelkater. Dacks deet dësen esou wéi dass ee sech freet ob e Camion iwwer ee gefuer ass.

D'Belaaschtung war warscheinlech ze grouss. Den Effort mécht dass mer winzeg Schied an de Muskele kréien. Hei schwätzt een da vu Mikrotraumen.
Dës léisen eng Zort Entzündung aus sou dass et wéi deet. Wat een elo ka maachen ass do virun zu fuere wou een opgehalen huet. Oder nach besser, alles dat ze maache wat gutt fir Duerchbluddung ass. De Wee an d'Sauna kann hei hëllefen.

Wien sech dann decidéiert mam Sport weider ze maachen, dee sollt dat awer a Moosse maachen. Niddreg Repetitiounen si wichteg. Wien et hei iwwerdreift dee mécht déi ganz Saach just nach schlëmmer.

Et ginn awer och e puer Saachen déi ee sech doheem kann an d' Medikamentskëscht stelle kann. Engersäits Kiischtejus anersäits Peffermënz-Ueleg.
Am Kiischtejus sinn Antioxidanten dran. Dës hunn eng änlech Wierkung wéi Pëllen, déi ee géint de Wéi verschriwwe kritt. Dernieft huelen se d'Entzündung. Ätheresch Ueleger am Peffermënz-Ueleg léist Krämp. D'Muskele gi bei der Regeneratioun ënnerstëtzt wat d'Zéien am Muskel reduzéiert. Am beschten et mécht een dat direkt nom Sport op déi betraffe Plazen. Wien den Ueleg mat e bësse Waasser verdënnt mécht, dass e manner aggressiv fir d'Haut ass.
Wien der Meenung ass dass eng Massage dat richteg géint de Muskelkater ass dee läit dernieft. Och Dehnübungen si schlecht. Et sollt een domat waarde bis de Muskel sech erholl huet. Dat kann an der Reegel bis zu 2 Deeg oder méi daueren.

Kënnt d'Péng direkt no der sportlecher Aktivitéit an deet extreemst wéi da kann et sinn dass et kee Muskelkater ass, nee, dann ass d'Warscheinlechkeet grouss dass der eng Zerrung oder e Muskelfaserrëss hutt. Dee Moment huet een da besser bei den Dokter ze goen.