Wien eppes mam Thema Boot ufänke kann, weess mat Sécherheet datt nach bis e Sonnden d'Boot zu Düsseldorf ass. Vu Surfen an der Hal, iwwer kleng Booter, bis bei déi grouss Yachten ass sou zimmlech alles ausgestallt wat mat Waasser ze dinn huet, sou och déi sougenannt Hausbooter.

22/01/2020 Boot 2020: Och um Waasser gëtt et elektresch

Mat deenen een, fir et relativ einfach auszedrécken, Camping um Waasser mécht. Déi meescht vun deenen Hausbooter gi mat Diesel alimentéiert, ma och an deem Secteur gi sech Gedanken ëm d'Ëmwelt gemaach an esou probéieren 2 Kanäl hei vir am Elsass op Elektresch ëmzestellen. Op all 10 Kilometer gi Bornen opgeriicht op deenen dann Hausbooter Stroum tanke kënnen. Dee Projet gëtt vum Kanalbedreiwer VNF realiséiert a konzentréiert sech op de Canal des Houillères de la Sarre, dee geet vu Gondrexange op Sarreguemines, an de Canal de la Marne au Rhin, dat ass de Kanal tëscht Vitry-le-François a Stroossbuerg. Den Disitributeur vum Hausboot-Fabrikant Les Canalous fir Däitschland, den Uwe Hengster, ass ee vun den 2 Partner déi sech um Projet bedeelegen.

22/01/2020 Boot 1

Déi 2 Kanäl sinn deementspriechend versuergt. D'Booter selwer hu genuch Jus u Bord fir eng Zäitchen ze navigéieren, tësche 5 an 8 Stonne si realistesch. E Boot mat Dieselmotor huet meeschtens nëmmen 12 Volt Stroum u Bord, hei huet en E-Boot, och ausserhalb vun engem Hafen, däitlech méi ze bidden.

22/01/2020 Boot 2

Allerdéngs deet sech och eppes op de klasseschen Hausbooter. Vollelektresch op de Mecklenburger Seeplatte ënnerwee ass éischter seelen, ma och do probéieren d'Hiersteller nei Saachen a sinn oppen, sou d'Dagmar Rockel vun der Firma Kuhnle Tours.

22/01/2020 Boot 3

Eng Aschätzung ass op alle Fall fir de Betrib op de Kanäl no dësem Joer méiglech. Duerno gëtt am Elsass de Bilan gezunn.

22/01/2020 Boot 4

© pixabay.com