Malle: fir déi eng bedeit dat feieren ouni Grenzen um Ballermann, fir déi aner Knascht a Vollerten op de Plagen a Stroossen. Fir déi, déi op Mallorca reesen fir d'Party vum Liewen, wäerten et awer elo nei Regelen ginn un déi ee sech muss halen, Julie Dupont.

22/01/2020 Mallorca: nei Reegele fir Touristen

Et geet den Awunner vun de baleareschen Inselen Mallorca an Ibiza scho eng länger Zäitchen duer mat den Touristen, déi just wéinst dem Alkohol an der Sonn op d'Insele kommen, an dacks wéineg Behuelen un den Dag leeën. A well dëst Behuelen sech just verschlëmmert huet iwwert d'Joeren, fänken d'Autoritéiten u streng ze ginn. Schonn am Februar 2019, also viru bal engem Joer, goufen déi éischt nei Regelen opgestallt. Esou dierft een op der bekannter Schinkenstrasse a weideren Party-Hotspots zu Mallorca net méi virun de Restauranten a Baren drénken, mee nëmmen nach dobannen. Och dierft ee keng Reklamm méi fir Alkohol maachen.

Et schéngt es awer, wéi wann dat just eng éischt Etapp war. Elo huet d'Regierung vun de Balearen nach eng Partie nei Regelen hannendru gesat. Eng éischt Reegel, déi effektiv dierft wéi doen: All-inclusiv Hoteler dierfen ab dësem Summer net méi illimitéiert Alkohol erausginn. Fir d'Mëtteg- an d'Owesiessen gëtt et maximal 3 gratis Gedrénks mat Alkohol. De Rescht muss dem Gaascht alles op d'Rechnung gesat ginn. Donieft dierfe kleng Butteker a Kiosken déi Alkohol am Sortiment hunn, nëmmen nach bis Owes halwer 10 op sinn. A mueres eréischt ab 8 Auer déi éischt Clienten zerwéieren. 

An och d'Happy Hour bleift nëmmen nach eng vague Erënnerung an de Käpp vu fréiere Vakanzen. Well déi, an och soss all Offeren déi zu iwwerméissegem Alkohol-Konsum verleeden, ginn ofgeschaaft. Ma och "Pubcrawls" also Touren duerch verschidde Caféen dierfen net méi organiséiert ginn.  

Souguer um Waasser gëtt dem Alkohol de Kampf ugesot: et wäerte keng nei Lizenze ginn fir sougenannte "Party-Booter", an och manner Offeren an dem Beräich. Eng lescht Regelung gëllt dem Phänomen "Balconing". Also vu Balkon zu Balkon ze kloteren, oder carrément vum Balkon aus an d'Schwemm ze sprangen. Dat ass nämlech esou geféierlech wéi et klengt, a méi wéi een Tourist huet schonn esou säi Liewe gelooss. Wann ee Gaascht "Balconing" mécht, muss en elo aus dem Hotel geheit ginn.

Wien sech net un déi nei Gesetzer hält muss mat fatzege Geldstrofe rechnen.