Den 22. Januar 2008 war d'Häerz vum australeschen Akteur stoe bliwwen. 28 Joer hat déi grouss Hollywood-Hoffnung wéi hien doud a senger New Yorker Wunneng fonnt gouf

22/01/2020 An 100 Sekonnen: Doudesdag Heath Ledger

Den 22. Januar 2008 war d'Häerz vum australeschen Akteur stoe bliwwen, wéi et heescht duerch Medikamenter géint d'Peng a fir ze berouegen; déi sech net matenee verdroen hätten. 28 Joer hat déi grouss Hollywood-Hoffnung wéi den Heath Ledger doud a senger New Yorker Wunneng fonnt gouf.

E Schock net just fir d'Fans, ma och fir seng Famill, déi awer zanter 12 Joer säi Gebuertsdag all Joers de 4 Abrëll feiert. Op dësem Famillentreffe wier dann och seng Ex-Fra Michelle Williams an d'Duechter Mathilda derbäi, deen Dag feiere si also den Heathcliff, wéi hie mam ganzen Numm geheescht huet.

Natierlech huet dem Heath Ledger seng Karrière och kleng ugefaangen, an Televisiounsserien an an sougenannten Teenie-Filmer wéi zum Beispill 10 Things I Hate About You

Zu senge grousse Filmer zielen The Patriot, A knight's tale, Monster's Ball a virun allem Brokeback Mountain nieft Jake Gyllenhall. Fir seng Roll gouf den Heath do fir en Oscar nominéiert a fir seng Roll als Joker am Batman Film 'The Dark Knight' gouf hien 2009 postum mam Oscar a villen anere Präiser geéiert

De leschte Film an deem den Heath Ledger matgespillt hat, war ''The Imaginarium of Doctor Parnassus''. A fir all d'Fans vum vill ze fréi verstuerwenen Akteur, leeë mir d'Dokumentaioun I am Heath Ledger un d'Haërz,  an deem Frënn, Aarbechtskollegen a Famill sech un den den Heath erënneren.