An d'Vakanz goen kascht seng Suen. Nieft dem Iessen an dem Transport, muss ee gudden Deel vum Vakanze-Budget an d'Wunnen investéiert ginn. Ëmmer méi Leit ginn fir op deem Punkt ze spueren, an eng Jugendherberg amplaz an ee groussen Hotel. An do ginn et Jugendherbergen déi net nëmmen duerch een niddrege Präis attraktiv gi, Julie Dupont.

24/01/2020 Déi bescht Jugendherbergen vun der Welt

Fréier stoungen Hostels virun allem dofir mat frieme Leit op enkem Raum ze schlofen, inklusiv Duschen an engem méi oder manner propperem Zoustand. Déi Situatioun huet sech awer staark verännert. Ëmmer méi dacks, sinn d'Jugendherbergen eng Méiglechkeet bei engem niddrege Präis an enger flotter Ambiance, d'Stad an d'Kultur vun der Reesdestinatioun kennenzeléiren. Ganz dacks ginn et och Méiglechkeeten Touren ze maachen, mat Leit vun der Plaz, oder Vëloen fir auszeléinen an esou op eege Fauscht ënnerwee ze sinn. Besonnesch fir Persounen déi alleng reesen, schéngen d'Jugendherbergen ëmmer méi interessant ze ginn. Den Deel un Alleng-Reesenden an den Hostels weltwäit huet sech tëscht 2015 an 2019 méi wéi verduebelt.

De Site Hostelworld.com huet dann elo fir déi 18. Kéier seng Hoscars, also d'Oscare vun den Hostels matgedeelt. D'Gewënner goufen duerch ronn 1,1 Milliounen Bewäertungen vun de Reesenden ermëttelt.
An do sinn eng ganz Partie Hostels dobäi, déi engem richteg Loscht maachen d'Wallis ze paken! Den Hostel mam beschte Präisleeschtungsverhältnis zum Beispill ass den Tropical Valley Homestay. Véier Nuechten fir zwou Erwuesse Persounen sinn do scho fir 50 Euro ze kréien. An d'Lag ass beileiwe net schlecht: net wäit ewech fënnt een den Phong Nha-Ke Bang National Park, een UNESCO Weltkulturierwen, wou een ee beandrockend Netzwierk aus Höhlen, Flës s a Waasserfäll ka besichen.     

Dee beschten Europäeschen Hostel an och gläichzäiteg dee  mat der beschter Atmosphäre ass den 5 Terre Backpackers an der italienescher Stad Corvara. An enger roueger Lag, kann een hei erofkommen an déi wonnerschéin a pittoresk Géigend vun Cinque Terre erfuerschen.
 
E bësse méi exotesch Destinatiounen fënnt een och. Zum Beispill den Hostel Casas Viejas. En ass zwar "nëmmen" op déi drëtt Plaz komm vun de beschte südamerikanesche Jugendherbergen, mee huet dofir eng eemoleg Lag. Matten an der "La Victoria Finca" geleeën, eng vun de gréissten Kaffi-Farmen a Kolumbien, breet sech do den Dschungel virun engem aus. Et kann een natierlech an der Ëmgéigend wanderen an d'Natur mat natierleche Waasserfäll entdecken, oder och bei enger Yoga-Session erofkommen.
 
Zäiten vun den Hostels an déi ee just aus Nout eraus gaangen ass, ass also eriwwer. Natierlech sinn d'Präisser staark ofhängeg vum Land an deenen d'Hostels sinn, oder der Lag. Mee och mat engem méi bescheidenen Budget fir an d'Vakanz, kann een mat Biller vu "just" enger Jugendherberg deenen doheem d'Zong laang maachen.