Cyberkriminalitéit gëtt et schonn esou laang wéi et den Internet gëtt. Ma och hei ginn et ëmmer erëm nei Methoden fir ee bei Lisette ze loossen. Zu Lëtzebuerg mécht am Facebook en ale bekannten d'Ronn. De Video an deem een anscheinend ze gesinn ass. Wéi soll ee reagéieren a wat kann ee maachen wann ee betraff ass.

Wat geschitt? Et geet eng Noriichten-Fënster op an där een a schlechtem Lëtzebuergesch gefrot gëtt, op een do am Video ze gesinn ass. Natierlech hänkt de Video mat am Message. Eleng de Fakt, dass d'Lëtzebuergesch esou schlecht iwwersat ass, misst ee scho stutzeg maachen.
An awer ginn et Leit bei deenen ass de Virwëtz ze grouss. Et gëtt drop geklickt. Dat féiert dozou dass een op eng Säit kënnt wou een e bestëmmte Plugin soll installéieren. Den eigentlechen Trojaner. Hei misst een eng zweete Kéier stutzeg ginn.
Egal wéi, den Trojaner fonctionéiert an infizéiert. De Video oder Link huet nëmmen een Zil, an zwar un engem seng Donnéeën ze kommen. Passwierder, Kreditkaarten an alles mat deem een iergendwéi Schmu dréiwe kann.
Wéi kann een sech elo dogéint Schützen, respektiv, wéi gëtt een den Trojaner erëm lass? Als alleréischt ass et scho mol sënnvoll net op esou Saachen ze klicken. Ass d'Noriicht vun engem Kolleeg da beäntwert se net direkt. Wann et wichteg ass, schreift en iech méi wéi sécher nach eemol. Och komesch Ufroe fir e bestëmmte Spiller ze spille kënnen infizéiert sinn. Genee wéi Applikatiounen oder Programmer déi engem verspriechen dass een d'Faarf vum Facebook ännere kann.
Sollt der betraff sinn, ännert esou séier wéi méiglech d'Passwuert. Kontaktéiert är Kolleegen a warnt se dass der gehackt gi sidd.
Déi Masch déi grad zu Lëtzebuerg ënnerwee war, ass awer keng nei. Méi aktuell ass do schonn e Friend Request vun engem Andrea Wilson. Dësen Trojaner verbreet sech iwwer social engineering. Hei kritt een eng Noriicht mam Text Be Careful: I got a message from you. Dëse Message fuerdert een op, dësen un all seng Kolleegen ze schécken, well ee, wéi et schéngt en Trojaner huet. Déi Saach ass zwar net wierklech schiedlech, ma lästeg. Ignoréiert dës Noriicht. Kënnt se vun engem Frënd deen der net wierklech kennt, geheit dësen aus der Lëscht eraus.
Am Internet soll ee méi virsiichteg si wéi am richtege Liewen.