Wéi et heescht ass déi nei Technik mat de Graphen Akkuen prett fir an d'Serie kënnen ze goen. Den Akku deen anescht fonctionnéiert wéi dat wat mer bis ewell kannt hunn ka sech bannent 20 Minutten voll oplueden.

24/01/2020 Handy lueden an 20 Minutten

Real Graphene nennt sech déi amerikanesch Start-Up Entreprise déi elo en Akku entwéckelt huet dee sech an 20 Minutte voll opluede kann. Dat ass méiglech, andeems Societéit Graphen an déi normal Akkuen asetzt. Et ass eng Schicht déi sech mam Lithium vun der Batterie vermëscht. Esou soll et net nëmme méiglech sinn den Akku séier ze lueden, et kann een och dovun ausgoen dass d'Liewensdauer vum Akku méi laang ass. Och d'Sécherheet beim lueden ass besser ginn. Duerch de Graphen entsteet nämlech manner Hëtzt.

De Moment gëtt mat munchen Technologien experimentéiert déi dozou féiere sollen, dass den Akku méi laang oder ebe méi séier gelueden ass. Et ass souguer scho rieds gaangen den Akku an Zukunft unhand vun de WLAN Wellen ze lueden. Real Graphen huet elo en éischte Prototyp, an deen ass wéi et schéngt prett fir a Serie ze goen.

Elo waart d'Entreprise drop déi richteg grouss Opträg ze kréien. Kleng Betriber hu sech schonn ugemellt a kënnen hier éischt Batterien testen, respektiv an hire Produite verbauen.
Ma all ze séier dierf et dann awer och net goen, also net lueden, mä den Interessi duerch Entreprisen. Kéim eng Commande vun Apple oder Samsung, géif bei der néideger Quantitéit eng Produktiounszäit vun op mannst engem Joer a méi gerechent ginn.

Fir dass den Akku da séier gelueden ass, kënnt méi e staarkt Netzdel an den Asaz. De Moment kann een en aktuelle Smartphone mat bis zu 10 oder maximal 12 Watt lueden. Dat läit dodrun dass d'Batterie einfach ze waarm gëtt.

Batterie aus Graphen kéint mat bis zu 60 Watt geluede ginn. Eng normal Batterie soll ee laut Hiersteller ëm 300 - 500 Mol luede kënnen, ier dës de Geescht opgëtt, an no a no u Capacitéit verléiert. Déi nei Batterie packt dat 3facht.Et gëtt 2 verschidden Zorten. Eemol eng normal mat bis zu 10.000 Milliampère/Stonn an eng Versioun déi duebel esou vill huet. D'Präisser leien tëscht 60 a 80 Dollar.

Leider ginn et se fir de Moment just an den USA.