"Wir Kinder vom Bahnhof Zoo" war een onerwaarten Erfolleg. Ufanks wollt keen d'Geschicht iwwert drogenofhängeg Kanner iwwerhaapt publizéieren. 1981, also 3 Joer nodeems d'Buch erauskoum, gouf dunn de Film gedréint, an och een Theaterstéck gouf inszenéiert. Elo soll d'Thema dann a Form vun enger Serie nei opgegraff ginn, Julie Dupont.

27/01/2020 Wir Kinder vom Bahnhof Zoo als Serie

D'Geschicht iwwert eng Grupp Mannerjäreger déi am Berliner Drogen- a Prostitutiounsmilieu ënnerwee sinn, huet vun Ufank u polariséiert. Et war déi éischte Kéier, dass een eng authentesch Vue op ee Milieu krut, deen ee guer net, oder net gäre gesäit. Theme wéi Kannerprostitutioun, de Konsum vun haarden Drogen an d'Schwieregkeet vun dëser Zeen ewech ze kommen hunn dëst Buch zu dem gemaach wat et och haut nach ass: ee Succès. 

1978 koum d'Buch eraus an 1981 dunn d'Verfilmung. Et war a villen Hinsichten eng aner Zäit wéi haut. Ma de Besoin dës Geschicht nach eemol, also 39 Joer méi spéit, nei ze verfilmen wier awer do. Dat ass och der Streaming Plattform Amazon Prime hire Grond, dës Produktioun z'ënnerstetzen. An och d'Autorin vum Skript, d'Annette Hess mengt, dass een duerch eng Serie d'Geschicht ronderëm d'Kanner vum Bahnhof Zoo nei a méi intensiv beliichte kéint. Dës Kéier wëll een och d'Situatioun vun den Eltere méi däitlech weisen. An och d'Konditioune am Wunnraum Berlin besser verdäitlechen. Wéi dat genee kéint ausgesinn ass nach net gewosst. Well de Bahnhof Zoo als Treffpunkt fir Junkies gëtt et net méi, an och d'Prostitutiounszeen wier eng aner wéi deemools. Wéi, an ob Parallelen mat der Situatioun vun haut gezu ginn, bleift ofzewaarden, mee kéint dem Sujet vläicht eng nei Déift ginn.  

D'Approche Film- oder Buchmaterial als Serie ze verfilmen gëtt ëmmer méi heefeg. Wou soss de Film stoung als ideal Plattform fir eng Geschicht z'erzielen, huet sech haut mat de Streamingservicer d'Serie duerchgesat.
Mat engem Casting vu jonken an nach gréisstendeels onbekannten däitsche Schauspiller hofft een eng nei Perspektiv ze weisen, eng nei Approche ze hunn. Wéi laang ee sech do nach muss gedëllegen ass de Moment net gewosst. Aktuell ass just d'Besetzung vun den Haaptrolle bekannt.