Duerch Stress kritt ee gro Hoer. Och duerch traumatesch Erliefnesser kënnen d'Hoer gro ginn, dat hunn elo Harvard-Fuerscher erausfonnt.

24/01/2020 Gro Hoer duerch Stress 17h10

D'Marie-Antoinette zum Beispill soll bannent kuerzer Zäit gro gi sinn, während der franséischer Revolutioun kuerz virun hirer Hiriichtung. An och de Karl Marx soll nom Dout vu sengem 8 Joer jonke Bouf iwwer Nuecht gro gi sinn.

Et huet mam Nervesystem ze dinn, speziell Stammzellen ginn dann op Dauer ausgeschalt. Wann déi fehlen, kommen keng nei Zellen no déi de Faarfstoff Melanin produzéieren. Et geet ëm gereizten sougenannt "Sympathikus-Nerven" déi di Stammzellen schiedegen. Getest gouf dat u Meis.

D'Fuerscher vum Harvard Stammzellen-Institut waren iwwerrascht, well bis elo gemengt gouf, dass et iwwert eng Autoimmunreaktioun geschitt dat d'Zellen zerstéiert an och iwwert de Stresshormon Cortisol. Dat ass awer net de Fall, well Mais ouni dat Stresshormon sinn och gro ginn.
 
Well Stress de ganze Kierper betrëfft, huet fir d'éischt missen agegrenzt ginn, wéi e Kierpersystem fir d'Verbindung tëscht dem Stress an der Hoerfaarf responsabel ass.

D'Nerven schëdden bei Stress Noradrenalin aus, dat da vun den Stammzellen opgeholl gëtt déi Pigmenter regenéréieren. De Stress ass elo awer net déi eenzeg Ursaach.

En Hoer besteet aus e puer Schichte vu verhornten Zellen. Un der Hoerwuerzel sinn nieft de sougenannten Talgdrüsen an de klenge Bluttgefäässer Zellen déi d'Pigmenter bilden. Déi produzéieren de Melanin, dat den Hoer seng Faarf gëtt.

Am héijen Alter léisst d'Melanin-Produktioun no. Wann d'Hoer duerch eng Krankheet oder en traumatescht Erliefnes gro gi sinn, da besteeet nach Hoffnug op déi fréier Hoerfaarf. Eng planzebaséiert Ernärung soll do hëllefen. Déi Geschicht mam Marie Antoinetten an dem Karl Marx déi op eemol gro waren, dat ass wuel e Märchen. Well d'Pigmenter verschwannen net einfach esou aus den Hoer.

Dat beschte Beispill ass wuel de Präsident Barack Obama. Vergläicht ee Biller vu sengem Amtsuntrëtt 2009 mam deene vun haut, ass do en däitlechen Ënnerscheed un der Hoerfaarf ze erkennen. A genee dat huet dach och säi Charme

Béi den Déieren, zum Beispill de Bierggorillaen, ass dat souguer positiv wa se gro sinn, well doduerch si se besser ugesinn a kënnen souguer e Grupp uféieren.