Den 1. Januar war den éischten Dag vun engem neie Joer an engem neie Joerzéngt. D'20er ware bis elo ëmmer déi gëlle Joren, domadder gemengt war déi Tëscheperiod tëscht 2 Weltkricher. 1920er Joren, wou et de Leit kuerz Zäit richteg gutt gaangen ass. Nach ëmmer gëtt et eng reegelrecht Faszinatioun ëm déi Zäit. Wéi eng Parallelle ginn et tëscht den neien an alen 20er Joren? Marie Gales

28/01/2020 20er Joren - Deemools géint haut

Denkt een un d'1920er Joren, kommen engem Biller vu grousse Partyen, schéine Kleeder a grousser Fräiheet an de Kapp. Dat ganzt kennt een aus Filmer wei der Hollywood Inzenéierung 'The Great Gatsby' oder der aktueller däitscher Produktioun 'Babylon Berlin'. Déi Zäit  bréngt fir vill Leit eng Aart Faszinatioun mat. Grad esou glamouréis wéi et an de Filmer duergestallt gëtt, war et awer net onbedéngt.

Um Ufank vun den 1920er Joren huet sech ganz Europa vun engem Krich erholl. D'Sue waren duerch déi staark Inflatioun bal näischt méi wäert. An an der Mëtt vun den 20er Joren huet sech dat geännert. Et gouf eng nei Wärung agefouert an déi ganz Welt war am Opschwong.
Et waren déi sougenannte gëlle Joren. Fir d' Leit war déi Period eng Mëschung tëscht engersäits der Erliichterung déi schwéier Zäit hannert sech gelooss ze hunn. An anerersäits dem Wëssen, dass et muer scho kéint eriwwer sinn. Deementspriechend ass och gelieft ginn, wei wann et kee Moie géif ginn. Awer och just déi, déi et sech leeschte konnten. D'Gëlle Jore war eng Saach vun der Perspektiv. Fir e groussen Deel vun der Bevëlkerung war et nawell keng gëllen Zäit.

Dacks gouf och vun enger Tëscheperiod geschwat. Oder och nach d'Virspill vum Ënnergang genannt oder méi bildlech geschwat: den Danz um Vulkan. Well de Schluss vun den 20er Joren, den Ausbroch vum Vulkan huet nach eng Kéier alles geännert. De Bankecrash 1929 an Amerika huet déi ganz Welt nees an d'Kris gestierzt. Kuerz drop ass den Hitler an Däitschland un d'Muecht komm. De Recht ass Geschicht.

100 Joer méi spéit am Joer 2020 stellt sech dann natierlech d'Fro ob mir op eng änlech Katastrophe zousteieren. Et gëtt ëmmer nach Rassismus an eiser Gesellschaft. An anere Länner fanne rietspopulistesch Parteien ëmmer méi Zoustëmmung. Mir hunn e Klimawandel, deen eis am Genéck setzt. Dat fir just e puer aktuell Problemer opzegräifen.

Et ginn sécherlech vill Erausfuerderungen, mee et ass net ze vergläiche mat enger Gesellschaft vu virun 100 Joer. Mir erhuelen eis net vun engem Weltkrich. Am Contraire, kënne mir op eng laang Friddensperiod zeréckkucken. D'Gesellschaft ass opgebaut mat soziale Strukturen, déi een opfänken. Et brauch een net ze feieren, wei wann et kee Moie gëtt, well et gëtt  e Moien an op deem muss een héchstwarscheinlech opstoen. Well déi meescht Leit hunn eng Aarbecht. Der Ekonomie geet et gutt.
E Bléck an d'Vergaangenheet schued bestëmmt net, eleng fir aus Feeler ze leieren. Mee dat heescht awer net, dass een dann och soe kann, wat Zukunft bréngt. A wie weess wat déi nei 20er Joren nach alles bereet halen.

Wie sech vun der Fotell aus an d'1920 er Joren well zeréck versetze loossen, kann dat mat der däitscher Serie 'Babylon Berlin'. Do ass de Weekend déi nei Staffel erauskomm. D'Krimiserie spillt nämlech an den 1920er Joren.