Déi dänesch Firma gëtt et schonn zanter den 30er Joren. Um Dag vun haut virun 62 Joer hunn si e Patent ugemellt, wat nach haut bei der Hierstellung vun de Steng benotzt gëtt. 

28/01/2020 An 100 Sekonnen: Lego

Ufanks huet Lego Spillsaachen aus Holz hiergestallt. Iwwregens, Lego ass d'Ofkierzung vu "leg godt". Dat ass dänesch an heescht souvill wéi: Spill gutt. Déi éischt Steng goufen et am Joer 1949. Si haten deemools schonn d'Form wéi mer se haut kennen. Den Numm war awer nach en Aneren. "Automatic Binding Bricks". Also Zillen, déi sech vum selwe verbannen. Se ware scho faarweg an aus Plastik.
Wéi haut och, haten déi eenzel Bausteng Noppen uewendrop mat deenen een se verbanne konnt. De Problem deen een awer hat, war dass dës Zill ënnen huel war. Dat huet derzou gefouert dass déi ganz Konstruktiounen net ganz stabil waren.
Genee dëse Problem huet een haut virun 62 Joer mat engem Patent behuewen. Vun elo un goufen an de Lego-Steng kleng Réiercher integréiert. Doduerch konnt een se op eemol och säitlech openee setzen.
Ma déi brittesch Firma Kiddicraft déi sech am Joer 1932 gegrënnt hat, hat Enn den 30er Jore schonn en änleche System, deen Dänen iwwerholl haten. Dat war och nëmme méiglech well Kiddicraft just e Patent an England hat. Nom Dout vum Grënner vun der Firma huet d'Lego d'Patent vu Kriddicraft Opkaf.
Zanterhier ginn et ëmmer nei Produiten. Nei Steng. Och Rieder a Figure sinn no a no op de Marché komm. Et goufen a ginn nach ëmmer Produiten déi op e speziellt Thema ausgeriicht sinn.
Z.B: E Piraten-Set, eng Eisebunn déi mat Batterië fonctionéiert huet. Oder och Star Wars wou ee verschidde Raumschëffer konnt bauen.
Dernieft bréngen si och Joer fir Joer en Adventskalenner eraus.
Zu de weider Produite vu Lego zielen Duplo a Lego Technik.
Nach bis haut begeeschteren déi faarweg Steng grouss a kleng. Lego ass zu deem gi wéi mer haut kennen, duerch e Patent wat haut virun 62 Joer ugemellt gouf.