Et ass d'Zäit vun de grousse Präisser an den USA. An zwou Wochen ass et un der Filmindustrie mam Oscar an Hënt huet d'Museksindustrie gefeiert.

27/01/2020 Grammy Awards 2020: Billie Eilish grouss Gewënnerin

Déi grouss Show am Staples Center zu Los Angeles ass awer mat gemëschte Gefiller iwwer d'Bühn gaangen, nëmmen e puer Stonne virun de Grammy Awards war d'Nouvelle vum Doud vun der amerikanescher Basket-Ikon Cobe Bryant komm. Den 41 Joer alen Amerikaner ass gëschter zesumme mat 8 weidere Persounen, dorënner och seng 13 Joer al Duechter Gianna, bei engem Helikopteraccident gestuerwen. Wärend der Zeremonie gouf dem Sportler geduecht, sou natierlech och vun der Presentatrice vun der 62. Editioun vun de Grammy, dem Alicia Keys.

27/01/2020 Grammy Keys Kobe

D'Sängerin, déi den 11. Juli mam neien Album A.L.I.C.I.A. an d'Rockhal kënnt, huet domat d'Grammys fir d'2. hannerenee gehost. Am Virfeld war sech eng enk Course tëscht dem Lizzo an dem Billie Eilish erwaart ginn, d'Lizzo hat mat 8 Nominatiounen souguer zwou méi wéi d'Billie, ma et sollt dann awer zimmlech däitlech zu Gonschte vun der 18 Joer aler Bad-Guy-Sängerin ausgoen; 5 mol gouf d'Billie op d'Bün geruff ginn. Nach ni huet e weiblechen, an och nach sou jonken Artist, an de 4 Haaptkategorien Album, Record, Song Of The Year a Best New Artist gewonnen.

27/01/2020 Grammy Eilish

An der Kategorie Best Rap Album konnt sech dëst Joer de Rapper Tyler, The Creator behaapten. Seng Plack Igor konnt sech géint d'Konkurrenz duerchsetzen a bei der Ried hat hien eng ganz wichteg Fra aus sengem Liewe mat op d'Bün geholl.

27/01/2020 Grammy Tyler

E ganz emotionale Moment, nieft den Erënnerungen un de Kobe Bryant natierlech, gouf et dunn nach mam Optrëtt vum Demi Lovato, dat sech virun 2 Joer bal d'Liewe geholl hat. De fréieren Disney-Star huet d'Lidd Anyone gesongen, en Titel deen nëmme 4 Deeg virun der bal déidlecher Iwwerdosis geschriwwe ginn ass. Fir d'Demi esou emotional datt et 2 mol huet missen ufänken

27/01/2020 Grammy Demi Lovato

Dat ass natierlech nëmmen e Brochdeel vun all den Awards déi gëschter Owend zu Los Angeles verdeelt goufen, et gi Grammys fir iwwer 80 verschidde Kategorien déi vun iwwer 13.000 Membere vun der Recording Academy bestëmmt ginn. Déi grouss Gewënnerin vun den 62. Grammy Awards heescht also Billie Eilish.

Eng Kategorie hunn ech iech awer nach erausgepickt... Best Alternative Music Album an där sech Vampire Weekend mat hirem Album Father Of The Bride duerchgesat hunn... D'Konkurrenz war och net vu schlechten Elteren, ënner anerem den James Blake, Bon Iver an de Sänger vu Radiohead, Thom Yorke, hätten do och gewanne kënnen. Hei ass en Extrait aus deem Vampire Weekend-Album -> Harmony Hall