Wien eng Méck erwësche wëll dee muss nawell flénk sinn. Ier mer d'Méckebaatsch an de Grapp huelen, weess d'Insekt scho wat mer wëlles hunn.

28/01/2020 Insekten gesinn eis an der Zäitlupp

Bei de mëllen Temperaturen dierfte mer et dëst Joer erëm mat méi Insekten ze di kréien. Näischt ass méi lästeg wéi Mécken, Matten oder Moustiquen.

Wien seng rou virun dësem Gedéiesch wëll hunn, deen huet net vill Méiglechkeeten. Entweder waart een op den natierlechen Dout vum Déier. Dat ass no ongeféier 20 Deeg de Fall. En aner Méiglechkeet ass, et léist een am Summer d'Fënsteren an Dieren zou, an et geet ee futti vun hëtzt oder et gräift een op verschidde Mëttelen zeréck déi awer alles Anescht wéi gesond sinn. Alternativ kann ee jo probéieren se mat den Hänn, mam Handduch oder mat der Zeitung ëm den Eck ze bréngen.

Wien zu der Méckebaatsch gräift, dee weess dass een hei éischtens vill Gedold muss hunn an zweetens, dass een nawell ee vun der séierster Zort muss sinn. Vu 5 Schléi, facht ee meeschtens 3 mol derlaanscht. Eppes wat sech ganz einfach erkläre léist.

D'Mécken hunn eng séier Reaktiounszäit. Se ass definitiv méi séier wéi mir. Fir si gesäit et esou aus, wéi mer eis an der Zäitlupp géife beweegen. Ma dat ass net nëmme mat eis Mënschen esou, och aner Déiere wéi Kéi oder Schof gesäit Méck ganz gemittlech dohier kommen.

Dass Déieren a Mënschen dat wat grad geschitt als eng Zort Film erliewen hu mer eisem Gehier ze verdanken. Dat baut nämlech déi eenzel Biller déi eist A un d'Gehier schéckt zu engem soe mer mol Film zesummen. Fir dass dat awer méiglech ass mussen déi Biller an enger Gewëssene Sekonnentakt ukommen. Den Taux mat deem dat geschitt huet en éischter desagreabelen Numm. Ob Däitsch heescht dat Filmverschmelzungsfrequenz. Wat eppes sech méi séier beweegt wat et vun enger bestëmmter Vitess un net méi als en eenzele Reiz interpretéiert gëtt. Genee dat ass bei all Liewewiesen anescht. Beim Mënsch sinn et 60 Biller pro Sekonn. Bei enger Méck sinn et der 250. Also 4 mol méi. Bei enger Deckelsmouk sinn et z.B nëmme 15 Biller.

Wann also e Mënsch, eng Deckelsmouk an eng Méck de Sekonnenzär vun enger Auer kucke géifen, ass fir si all d'Zäit eng aner. Wat eng Sekonn fir eis ass. Ass bei der Deckelsmouk duebel sou séier. Fir d'Méck ass et awer 4 mol méi lues.
Dofir, ier een op Méckejuegt geet ass villäicht besser e puer Tase staarke Kaffi ze drénken.