Laanscht eng Kënschtlerin kënnt een de Moment net. Billie Eilish. Si huet dëst Joer als Newcomerin eng Rëtsch Grammyen ofgeraumt, ënnert anerem "Album Of The Year" oder och "Record Of The Year". Ma wien ass d'Billie Eilish eigentlech, Jeff Rossler.

25/12/2019 Phänomen Billie Eilish

"I'm the bad guy... duh!" Dee Saz huet een iwwer 600 Millioune mol op YouTube a ronn 1 Milliard mol op Spotify héieren. Ënnert anerem mat deem Hit, huet d'Billie Eilish net nëmmen dëst Joer iwwer 30 Awards kritt, mee och nach Weltrekorder gebrach. Mee kucke mer mol wou dat ugefang huet.

D'Billie Eilish ass an enger Schauspiller- a Museker-Famill opgewuess. Mat 8 Joer huet si ugefang am Chouer ze sangen an huet dann och méi spéit ugefang hir eege Lidder ze schreiwen. Vun Ufank un huet d'Sängerin vill mat hirem Brudder Finneas zesumme geschafft, deen och ëmmer als Produzent a Co-Songwriter genannt gëtt. Dat éischt Lidd "Ocean Eyes" gouf zwar fir seng Band geschriwwen, mee huet bei d'Billie Eilish sou gutt gepasst, dass si domadder schonn éischt Erfolleger hat.

Mat der Zesummenaarbecht mam Label "Darkroom" ass et nëmmen nach Bierg op gaangen. Si huet zwee Lidder fir d'Serie "Tote Mädchen lügen nicht" bäigedroen an hir éischt EP, "Don't Smile At Me", erausbruecht. Déi sollt mat der Zäit ëmmer méi erfollegräich ginn, a klëmmt mat de Woche vu Plaz 185 bis op Plaz 14 erop. Dunn koum lo am Ufank 2019 den definitiven Duerchbroch.

Mam Album "When We All Fall Asleep, Where Do We Go" an der Single "Bad Guy" huet si bis lo hire gréissten Erfolleg gehat. Bei der Produktioun vum Album huet si scho gezielt, dass si do "alles a näischt" maache wäert, well d'Kënschtlerin sech net vu Genre limitéiere loosse wëll. Fir déi richteg Ambiance ze hunn, gouf den Album och net an engem professionelle Studio opgeholl, mee beim Billie Eilish doheem. Grad duerch sou Experimenter an der Musek, krut si de Statut vun enger Ikon, virun allem bei de méi jonke Nolauschterer.