Gëschter ass de Basketballer Kobe Bryant am Alter vun 41 Joer bei engem Helikopter-Accident gestuerwen. Hie war net nëmmen ee vun de beschte Basketball-Spiller, mä och een erfollegräichen Entreprener. De Raoul Roos iwwert de Business ronderëm de Kobe Bryant.

27/01/2020 Business ronderëm de Kobe Bryant 17h10

Am Joer 2013 sot d'"Black Mamba" wéi de Kobe Bryant och nach genannt gouf:  "D'Leit verstinn net, wéi obsedéiert ech sinn iwwert de Gedanken, fir ze gewannen".

Um Terrain konnt de Kobe Bryant an 20 Saisonen 323 Milliounen Dollar verdéngen. Ausserhalb vum Terrain waren et der Zeitung Forbes no 356 Milliounen Dollar bis 2016, verdéngt duerch Partenariater a Publicitéits-Kontrakter. Sprite, Nintendo an Turkish Airlines sinn der nëmmen e puer.

Ervirzesträichen ass d'Mark Nike, mat deene stoung en zanter 2003 ënner Kontrakt. E puer Deeg nodeems en ënnerschriwwen hat, gouf de Bryant wéinst Vergewaltegung ugeklot. Zum Prozess koum et net, well d'Affer net wollt dorunner deelhuelen. D'Reputatioun vun der Nummer 8 bei de Lakers war awer ugeschloen, de Bryant huet zouginn dass en ontrei war. McDonalds an Nutella hunn doropshin hire Kontrakt gekënnegt. Nike bleift dem Bryant trei a vun der Saison 2005/2006 un kënnt all Joer en neit Puer Schong mat sengem Numm eraus.

De Kobe Bryant war och ee vun deenen éischten, deen d'Potenzial vum chineseschen Marché erkannt huet um Ufank vun den 2000er Joren: duerch seng Visitten, Publicitéits-Spotten speziell fir dee Marché an humanitär Initiativen ass en a China eng Legend ginn.

An och bei den Investissementer war de Bryant ee vun den éischten vun där Generatioun Athleten, déi sech sech doranner etabléiert hunn wéi nëmmen an der Publicitéit.

2014 keeft en 10 Prozent vum Energygedrénks-Grupp BodyArmor fir 6 Milliounen Dollar. 4 Joer drop gi seng Parten op 200 Milliounen geschat nodeems sech Coca-Cola dorunner bedeelegen.

No sengem Réckzuch aus der NBA 2016 grënnt e mam Investor Jeff Stibel d'Firma Bryant Stibel. Déi investéiert ënnert anerem a Videospiller.

Säi Court-Métrage "Dear Basketball" deen e selwer geschriwwen huet, kritt am Joer 2018 souguer en Oscar! An deem Film beschreift de Kobe Bryant seng Léift fir de Basket.

2017 gëtt d'Mamba League gegrënnt, déi soll honnerte Kanner gratis Accès zum Sport erméiglechen.

Rotschléi huet sech de Bryant ënner  anerem geholl vu Leit wéi Oprah Winfrey, dem Apple-Chef Tim Cook an dem fréiere Chef vu Nike, Mark Parker.

"Mir maachen all Fehler
" sot de Bryant. "Mir huelen all Entscheedungen a mussen einfach weider maachen fir vijenzeg ze kommen. Et muss een et einfach probéieren."

2016 seet de Bryant an engem Interview, e wéilt duerch seng Investitiounen grad esou bekannt ginn wéi duerch de Basket. Zitat: "Wann een eppes schafe wëll, dat Generatiounen iwwerlieft, da muss een déi nächst Generatioun inspiréieren. An dann inspiréiert déi Generatioun déi nächst. Esou geet dat dann ëmmer weider".

De Court-Métrage vum Kobe Bryant: