Ëmmer méi dacks, rege mer eis iwwert de Plastik ronderëm Geméis an Uebst op. Awer gläichzäiteg soll d'Kornichong oder den Apel schéin ausgesinn a Loscht maachen dran ze bäissen. Ouni de Plastik ronderëm kréien se awer gäre Plaze beim Transport. An däitsche Supermarchéë probéiert ee grad ee neie Wee ze fanne, Julie Dupont.

28/01/2020 Eng nei Haut fir Liewensmëttel?

Mer wëssen, dass mer ee Problem mam Plastik hunn. An net alleng well mer es ze vill benotzen, mee och well mer dacks keng Alternativ hunn. Mee et ass net nëmmen de Problem mam Plastik: mer geheien och einfach vill ze vill ewech. Besonnesch beim Geméis a beim Uebst, ass de Problem, dass d'Saachen dacks ee laangen Transportwee hunn. Wann da kee Plastik méi ronderëm ass, wéi dat zum Beispill bei de Kornischonge ëmmer méi de Fall ass, packen et eng ganz Partie net bis an d'Butteker, well se beim transportéiere futti ginn.

An déi nei "zweet Haut" fir eist Uebst a Geméis soll bei deenen zwee Problemer hëllefen. Eng éischt, berechtegt Fro ass do: aus wat besteet déi Haut dann? Bei der däitscher Supermarchéschaîne Edeka zum Beispill, kënnt déi zweet Haut vun engem amerikanesche Konzern Apeel Sciences. Hinnen no besteet déi Haut aus reng planzlechen Elementer, déi an der Schuel, dem Som oder dem Fruuchtfleesch vu verschiddene Uebst- a Geméiszorte ze fanne sinn. Se schmaacht a richt neutral a kann och matgiess ginn. Beim Konkurrent Rewe gouf do och elo nogezunn, mat enger britescher zweeter Haut. Hei besteet se dann aus Zocker, Zelluloos a planzlechem Ueleg. Duerch déi zweet Haut, déi iwwregens hauchdënn ass, kënnt manner Sauerstoff duerch d'Haut vun der Fruucht, a se verléiert manner Waasser. Dat sinn nämlech 2 Haaptgrënn wisou d'Uebst an d'Geméis esou séier elle ginn.           

Aktuell gëtt d'Haut awer nëmme bei Friichten agesat, wou d'Haut net matgiess gëtt, wéi zum Beispill Avocadoen oder Orangen.
Dat ka s ech awer nach änneren. Déi amerikanesch Firma Apeel, déi mat Edeka zesummeschafft, huet nei Hait fir ronn 30 Uebst- a Geméiszorten. Dat geet vun Äerdbieren, iwwer Tomaten bis bei d'Paprika. Et kéint een also eng grouss Quantitéit un Uebst a Geméis méi laang haltbar maachen. Dat ass net nëmme fir d'Geschäfter gutt, ma och fir de Konsument praktesch. Duerch esou eng Haut bleift d'Uebst an d'Geméis allgemeng méi laang frësch. Aktuell läit d'Decisioun do bei der Europäescher Kommissioun. Si muss nämlech der Demande vun der amerikanescher Entreprise zoustëmmen. A virun allem kontrolléieren op déi zweet Haut och sécher ongeféierlech ass fir de Konsument.

Mee, déi zweet Haut wäert ni déi ultimativ Léisung gi fir d' Problematik vun der Liewensmëttelverschwendung. Se ass just als "Hëllef" ze gesinn, esou d'Verbraucherzentraal aus Hamburg. Et misste sech nach eng Rei Praktiken an Approchen an der Grande Surface nohalteg änneren. Egal wéi, ass déi nei Haut fir Uebst a Geméis ee Schrëtt an déi richteg Richtung. Et weist och, dass eist Verhalen a virun allem d'Änneren vun eisem Verhalen als Konsument, eppes ännere kann.