Am Internet gëtt et een neie viralen Hit: de sougenannten Dolly-Parton-Challenge. Wéi deen entstanen ass a wat d'Dolly-Parton domat ze dinn huet, dat weess de Raoul Roos.

28/01/2020 Dolly Parton Challenge 06h40

Vergiesse mer den Ice-Bucket-Challenge oder d'10-Years-Challenge, am Moment ass et d'Dolly-Parton-Challenge.

Déi war eigentlech als Witz geduecht a sollt weisen, wéi d'Leit sech op deene verschiddenen soziale Netzwierker duerstellen. Natierlech wëll jidderee sech vu senger beschter Säit weisen. Dass dat elo esou en Hype géif ausléisen, domadder hätt déi 74 Joer al Sängerin wuel am mannste gerechent.

LinkedIn, Facebook, Instagram an Tinder ginn duergestallt: op LinkedIn wëlle mer natierlech am Business-Look besonnesch kompetent ausgesinn. E Chrëschtdagspullover huet d'Parton op Facebook un, fir Instagram ass eng schwaarz-wäiss Foto gepost ginn an am Playboy-Huese-Kostüm ass d'Sängerin fir d'Dating-App Tinder ze gesinn.

Dat weist net nëmmen, wéi ee sech selwer duerstellt, mä och wéi ënnerschiddlech déi Netzwierker sinn.

Dausende Leit hunn dat mëttlerweil scho nogemaach ënnert dem Hashtag #DoolyPartonChallenge oder #SocialChallenge. Ënnert hinne Stare wéi Ellen de Generes, Will Smith oder den Arnold Schwarzenegger.

Bis dann alt deen nächsten Trend kënnt...

View this post on Instagram

Get you a woman who can do it all 😉

A post shared by Dolly Parton (@dollyparton) on

View this post on Instagram

I’d swipe right

A post shared by Will Smith (@willsmith) on

View this post on Instagram

Where @dollyparton leads, I follow.

A post shared by Arnold Schwarzenegger (@schwarzenegger) on