Passend zum 75. Gedenkdag un d'Befreiung vun Auschwitz weist 3Sat den Owend um 20h15 d'Verfilmung vum wuel bekanntste Tagebuch vun der Welt – dëst konsequent aus der Siicht vun engem Teenager. Nicky Soisson

28/01/2020 Das Tagebuch der Anne Frank - den Owend op der Tëlee

Anne Franks Tagebuch gehéiert zu deene Bicher, déi een onbedéngt gelies sollt hunn, ëmsou méi an dëser Zäit wou de Rietspopulismus an Europa erëm staark zouhëlt. Dat jiddescht Meedchen beschreift hei, wéi et den 2. Weltkrich wärend der Nazizäit an enger Stopp zu Amsterdam gelieft huet.

Dacks scho gouf d'Schicksal vun der Famill verfilmt. 2016 war et awer déi éischte Kéier, dass en däitsche Regisseur, den Hans Steinbichler, d'Geschicht an de Kino bruecht huet.

D'Drama spillt tëschent 1942 an 1944, wéi d'Famill Frank ënnergedaucht a schliisslech verroden an deportéiert gouf, dëst  konsequent aus der Siicht vum Anne Frank gezielt.

Doduerch gëtt engem nach vill méi däitlech wéi absurd an onmënschlech de Naziterror a virun allem d'Verfolgung vun de Judde war. Well wat ënnerscheet d'Anne a seng Frënn vun anere Jugendlechen? Näischt !

Mam Lea van Acken an der Haaptroll, ass dem Münchener Regisseur e beréierende Portrait vun engem couragéierte Meedchen gelongen, dat bis zum Schluss u seng Stäerkt gleeft, an deem seng Hoffnungen op eng gutt Zukunft sou grausam geholl gi sinn.

Dat wat d'Anne am Alter vun 13 bis 15 Joer wärend senger Pubertéit a säin Tagebuch schreift, ass och méi wéi 70 Joer no sengem Dout, am KZ Bergen-Belsen Ufank 1945, ëmmer nach aktuell. D'Anne ass keng onerreechbar Ikone, mee e normalen Teenie, tëscht Freed an Trauregkeet, dee géint seng Eltere rebelléiert, schwäermt, dreemt, Dommheete mécht a sech trotz allem d'Zukunft ausmoolt. Deemno e Film, deen absolut novollzéibar fir déi Jonk vun haut ass.

De Film fänkt 1942 un, wou nach alles souwäit an der Rei war. D'Famill huet hier al Heemecht Frankfurt am Main wéinst ëmmer méi onmënschleche Mesure verlooss, awer zu Amsterdam fillen si sech nees wuel. D'Anne, mam Spëtznumm Quecksilber, feiert säin 13. Gebuertsdag mat ville Frëndinnen. Ma d'Stëmmung kippt lues a lues. D'Judde mussen elo e giele Stär droen an d'Ufeindungen huelen zou. Rumeuren iwwert Aarbechts- an Doudeslager maachen d'Ronn.

Wéi dem Anne seng 16 Joer al Schwëster Margot zum Aarbechtsdéngscht aberuff sollt ginn, taucht d'Famill of. Nëmme wéineg Mënsche wëssen, dass si sech an deene leschte Stäck am hënneschten Deel vun engem Haus verstoppen an do dagsiwwer op Zéiwespëtzte gi fir sech net ze verroden. Hei fänkt dem Steinbichlers säi Film eréischt sou richteg un. Bis zum Schluss ginn et kaum Biller vu baussen.
 
Trotz aller Angscht an Aschränkungen ass et eng Atmosphär, an där eng kleng Hoffnung bleift. Den 21. Juli wot d'Anne Frank de Gedanken dank den Alliéierten am Oktober eventuell erëm kennen an d'Schoul ze goen. An dëser Dramwelt platzt dann awer enges Dages onerwaart dat Grujelegt eran: de Verrot, d'Gestapo Männer, déi mat Gewierer d'Bewunner aus dem Haus erausféieren. E Schock, och fir den Spectateur, bei deem wärend dem Film trotz dem Wëssen dass et schlecht ausgeet, awer nach eng kleng Hoffnung opkomme kéint, dass fir dat liewensfrout a couragéist Meedchen a seng Famill eventuell awer nach alles gutt gëtt...