D'App man Numm Babylex analyséiert d'Unzuel u Wieder déi e Kand kennt. Duerno kann ee se mat de Resultater vun anere Kanner vergläichen. Wéi fonctionnéiert de System?

29/01/2020 App Babylex: Wéi gutt schwätzt Kand?

Wie Kanner huet, dee weess wéi séier dës sech weider entwéckelen. Zemools am éischte Joer geet dat zimmlech séier. Do ass et verständlech, dass een natierlech wëll wësse wéi et da mat der Entwécklung vum Kand ausgesäit. Ass alles Ok. Ass e villäicht méi séier oder eventuel méi lues wéi aner Kanner am selwechten Alter.

Wann da bis dat éischt Wuert geschwat gëtt, dann ass een aus dem Haischen an et probéiert een natierlech dem Kand esou vill méi méiglech nei Wieder bäi ze bréngen.

D'Entwécklung vun der Sprooch a vun de Wieder déi e Kand kennt a weess kann een elo analyséieren. Fuerscher vun der Uni Göttingen an Oslo hunn elo eng App entwéckelt mat där sech d'Unzuel vu Wieder erausfanne loossen, fir esou e Verglach mat anere Kanner am selwechten Alter ze kréien. Dernieft kritt ee matgedeelt ob mat der Entwécklung alles an der Rei ass.

De Moment gëtt et d'App Babylex an de Sproochen Englesch, Däitsch a Norwegesch. Et ass een awer am Gaang aner Sproochen dobäi ze setzen.
Den Test an der App huet 25 Wieder. Dofir ginn 2 Minutte gerechent an deenen d'Eltere bestëmme musse wéi eng vun de 25 Wieder d'Kand erkannt, verstanen an ervirbrénge kann.

Wien wëll kann d'Resultater um Handy späicheren an esou d'Entwécklung suivéieren.

Babylex schafft mat de Base de Donnée vun der Uni Stanford. Si huet e Contenu aus Vokabele vun dausenden u Kanner. Anonym natierlech. D'Elteren hunn dës fräiwëlleg gesammelt. Um Questionnaire dee se dofir hu missen ausfëlle stounge 400 - 600 Wieder. Hei huet e missen ugi wéi eng d'Kand scho kennt.

Jee nodeem wéi vill Äntwerte mat dëser Datebank iwwertenee stëmme gëtt eng Héichrechnung aus deene Wieder gemaach déi Kand kennt.

Et gëtt de Fuerscher no vill Parallellen tëscht dem klassesche Froebou op Pabeier an der App. D'App ass ebe just méi séier.