Gëschter ass Am Takt an déi 3. Ronn gaangen. Selbstverständlech erëm mat 100 Prozent Musek vun heiheem. Singer-Songwriter-Material gouf et vum Daniel Balthasar an aggressiven, melodiéisen Death Metal vu Miles To Perdition.

Den Daniel huet gëschter Owend erzielt wéi säin Trip a Frankräich war. Hien hat sech mat senger Band am Château d'Hérouville néiergelooss fir nei Musek opzehuelen, dat ass e Studio deen eng laang Geschicht huet a scho vill bekannte Gesiichter empfaangen huet.

28/01/2020 Am Takt Backseller 1

Miles To Perdition waren an der Lescht och am Studio an hunn hiren 2. Album 2084 finaliséiert. D'Plack ass elo fäerdeg a gëtt et Freiden, zesumme mat nach 3 anere Gruppen, an der Kulturfabrik zu Esch virgestallt. D'Texter an den Inhalt vun deene Lidder sinn un engem ganz bekannte Roman inspiréiert.

28/01/2020 Am Takt Backseller 2

Den Interview mam Daniel Balthasar a mat Miles To Perdition fannt dir natierlech online op radio.rtl.lu, dir kënnt iech d'Sendung awer och als Podcast abonéieren. Den Daniel huet gëschter Owend och 2 Lidder Live gespillt, eng komplett nei Nummer vu sech selwer an On My Way, eng Coverversioun vum Ben Kweller, en Artist deen den Daniel schonn 20 Joer laang suivéiert an dee mat grousser Warscheinlechkeet e Feature an engem zukünftegen Daniel Balthasar-Lidd mécht.

28/01/2020 Daniel Balthasar On My Way (Ben Kweller)