Se ass net besonnesch sexy, mä se kann äre Schlof verbesseren. Rieds geet vun der Schlofmask! Firwat dir Iech esou eng sollt zouleeën, huet d'Julie Dupont.

29/01/2020 Eng Schlofmask bréngt bessere Schlof

Wann een aacht Stonne laang am Bett läit, an ëmmer erëm wakereg gëtt, ass een herno net ausgerout. Meeschtens wësse mer net, firwat mer schlecht geschlof hunn. Do kënnen eng Partie Grënn matspillen. Kaméidi, eng schlecht Lag, eng falsch Matrass, een ustrengenden Dag... Mee eng Ursaach, déi mer dacks vergiessen, ass d'Luucht. 

Mir sinn eis net méi bewosst, wat fir Aflëss déi konstant Beliichtung der mer ausgesat sinn, op eis an eise Kierper huet. Virun allem an der Schlofkummer. Normalerweis sinn eis Ae, wa mer se zou maachen, just duerch d'Aendeckele geschützt. Dës loossen awer och nach Luucht duerch. A wann Luucht do ass, produzéiert eise Kierper weider Melatonin, een Hormon, dat eis wakereg hält. Wann also nach Luucht am Raum ass, kréie mer dat nach ëmmer mat.
An do gëtt eng wierklech einfach Hëllef, déi mol net vill kascht. Déi bekannt, an och deels verfluchte Schlofmask. Natierlech ass et net onbedéngt dat sexiest Kleedungsstéck dat ee kann undoen.

Wien awer weess, dass en empfindlech reagéiert op Luucht, soll sech roueg esou eng Mask zouleeën. A souguer, wann ee just mengt, dass et d'Luucht ass, déi ee vum Schlofen ofhält, ass eng Schlofmask eng bëlleg an ongeféierlech Method. Wann een awer deen een oder aneren Euro méi investéiert, si se schonn ee Stéck méi komfortabel a schützen och besser. Virun allem Leit, déi op Schichte schaffen, oder wéinst hirem Beruff vill Reesen, profitéiere vun enger Schlofmask. Well scho 7 Minutte mat Mask kënne besser si wéi ee Power-Nap ouni.

Op e puer Saache soll een awer oppasse beim Kaf:
De Stoff an aner Materialie vun der Mask sollen am beschte keng schiedlech Substanzen hunn an héichwäerteg sinn. Et dierf een net vergiessen, dass d'Schlofmask an engem direkte Kontakt ass mat den Aen an dat wärend e puer Stonnen. Da soll d'Mask och bequem sinn. Well mer eis vill am Schlof beweegen, muss d'Schlofmask dat och matmaachen, an eis net nach zousätzlech stéieren.
Och een ze graffe Stoff, op der banneschter Säit vun der Mask soll ee si loossen. Wat de Stoff méi duuss ass an sech angeneem ufillt, wat besser. Se dierf dann och net op d'Nues drécken, well soss d'Ootmen an der Nuecht ka schwéier falen, an een dann erëm net esou gutt schléift.
An dann nach ee leschte Punkt: kuckt och op Är Mask ka gewäsch ginn. Eis Ae botzen sech nämlech wärend dem Schlofen an och Crèmen oder aner Produite maachen d'Schlofmask knaschteg.