Wéi verbréngt dir dann är Mëttespaus? Dobannen oder dobaussen? De Raoul Roos huet erausfonnt, dass et sech lount fir an der Mëttespaus spadséieren ze goen.

29/01/2020 Beweegung an der Mëttesstonn 06h20

Virun allem an de Wanterméint wann et dobaussen meeschtens kal ass, dann huet een d'Gewunnecht dobannen am waarmen ze bleiwen. Experten halen dovunner awer net vill, et leeft een dann nämlech Gefor dass sech eng gewëssen Routine entwéckelt.

Wann ee seng Mëttespaus dobausse verbréngt, da wierkt dat sech positiv op d'Laun aus an dann ass een nomëttes besser drop. Eng Etude mat 51 Employéen gouf duerchgefouert an d'Resultat war eendeiteg: jiddereen op der Schaff konnt seng Nomëtteg méi genéissen, wann en an der Mëttesstonn spadséiere gaang ass. Goen stäerkt d'Gesondheet, egal wéi séier een ënnerwee ass. Dat ganzt huet natierlech och Virdeeler fir déi mental Gesondheet. Et wier eng gutt Méiglechkeet fir de Stress ze kontrolléieren. Wie vill Stress op der Aarbecht huet, dee soll de Spadséiergank eben notzen, fir sech dovunner ze léisen, och wann nëmmen fir kuerz Zäit.

Et soll ee beim trëppelen och op Kopfhörer a Musek verzichten an nëmmen d'Geräischer ronderëm sech lauschteren. De britesche Gesondheetsdéngscht NHS recommandéiert 150 Minutten Beweegung an der Woch. Also séier goen oder relax Vëlo fueren. Haaptsaach et beweegt ee sech. Ugeholl et geet een all Dag 10 Minutten trëppelen, dann huet ee scho 50 Minutten vu sengem Soll erreecht. Déi frësch Loft hëlleft stress ofzebauen a wann ee mol eppes anescht gesäit, verschaaft engem dat eng objektiv Siicht wann een dann nees zréck op de Büro kënnt.