Wat gehéiert dann zu äre léifsten Aufgaben am Haushalt? D'Fënstere botzen? Staubsaugen? Wäschen? Strecken? Wann der elo kee Fan vum wäschen sidd, dann huet de Raoul Roos elo dat richtegt fir iech: den intelligente Kleederschaf.

29/01/2020 De gescheite Schaf 17h10

Dee Kleederschaf ass vun der Firma Samsung. Dee soll d'Kleeder wäschen an dat schount dobäi dann och nach d'Ëmwelt. Eng Etude aus dem Joer 2018 a Groussbritannien koum zur Konklusioun, dass sech bei der Wäsch eng hallef Millioun Polyesterfaseren an 700 000 Acrylfaseren léisen. Déi kommen dann domadder an d'Waasser a verknaschten dat. 

Wat wier dat eng fei Saach wann ee seng Kleeder knaschteg an de Schaf hänkt a se duerno nees frësch gewäscht eraushëlt? Dat ass elo mam AirDresser méiglech. Dee benotzt e spezielle System aus Loftdüsen an Damp, dat d'Kleeder propper mécht an duerno glat. D'Kleeder hänken u spezielle Bigelen, sougenannt Jet-Air-Bigelen, déi mat Düsen gekoppelt sinn. 25 Minutten dauert d'botzen. Eng Wärmepompel dréchent se dann och nach. Do brauch ee sech also keng Suergen méi ze maachen dass Falen a senge Kleeder sinn. Aktuell ass Plaz dra fir 3 Kleedungsstécker. Och Viren ginn eegenen Aussoen vu Samsung no zu 99,9 Prozent gekillt.

Dee ganze Spaass kascht 2400 Euro.