Roum huet eng sëllegen flott Touristen-Attraktiounen. De Kollosseum, Forum Romanum an déi spuenesch Trap sinn nëmmen e puer Beispiller. Net ze vergiessen: d'Fontana di Trevi. A genee bei deem Buer gëtt et elo eng Ännerung Raoul Roos.

30/01/2020 En Zonk ronderëm den Trevi-Buer 06h40

D'Touristen behuelen sech einfach dernieft.

An dofir soll elo am Zentrum vun der italienescher Haaptstad Roum en Zonk ronderëm den Trevi-Buer opgestallt ginn. Dat huet de Staatsrot vu Roum elo sou decidéiert.

Dat soll verhënneren, dass sech Touristen op d'Mauer vum Buer setzen. Dat ass elo scho verbueden, vill Leit awer relativ egal. Wie schonn eng beim Trevi-Buer war, deem si sécher schonn d'Polizisten opgefall déi do op der Plaz fir Uerdnung suergen an da mat hirer Päif drop hiweisen, dass ee sech net op d'Mauer setzen dierf.

Tatsächlech géinge souguer Leit probéieren fir op déi stengen Skulpturen ze klammen oder souguer am Buer leien. Dat erënnert dann éischter un déi berüümte Filmzeen aus dem Fellini sengem Dolce Vita an där am Joer 1960 d'Anita Ekberg mam Marcello Mastroianni am Buer stinn.

Den Trevi-Buer ass eng vun de bekanntsten Attraktiounen zu Roum. Am 18 Joerhonnert gouf de Buer gebaut. 2014/2015 ass e renovéiert ginn. Am September dat leschte Joer ass een op LED-Beliichtung ëmgeklomme.

Den Zonk soll dann elo dofir suergen, dass kee sech méi dohinner sëtzt. Ronderëm de Forum Romanum an déi spuenesch Trap sollen dann elo andauernd Police-Patrullen ënnerwee sinn déi d'Touristen am A behalen. Dës symbolesch Plaz sollt respektéiert ginn.

Et brauch ee jo net ze erwänen, dass ee keng Mënzen aus dem Buer soll klauen.  Iwwer eng Millioun koumen do all Joer zesummen, déi dann un d'Caritas gespent ginn. D'Legend seet, wien eng Mënz an de Buer gehäit, deem bréngt dat Gléck an dee kënnt dann och iergendwann nees zréck op Roum.

A ganz wichteg: et muss ee sech mam Réck bei de Buer stellen an d'Mënz dann iwwer d'Schëller an den Trevi-Buer geheien.