Vill Kappwéi an e puer mol schwaach gefall. Normal datt een do mol bei den Dokter kucke geet ob dat normal ass. De Mann vun Austin an Amerika ass vun Dokteren ënnersicht ginn, fir dann iergendwann am Scanner ze landen. An do hu se net schlecht gestaunt.

30/01/2020 Bandwuerm am Gehier

Nee kee Kriibs oder Aneurysma.

De Patient hat e Wuerm am Kapp. Méi genee e Bandwuerm am Gehier. De Parasit huet beim Amerikaner esou vill Péng ausgeléist datt hie sech reegelméisseg iwwerginn huet.

Sou e Bandwuerm am Gehier ass eppes Rares, wierklech aussergewéinlech a ka wärend Joren onentdeckt am Kierper wuessen. D'Doktere ginn dovunner aus datt de Mann an enger Mexiko-Vakanz de Bandwuerm opgeraf hat, virun iwwer 10 Joer, wéinst Fleesch dat net richteg preparéiert war. Den amerikaneschen Zentrum fir Seuchekontroll a  Präventioun erkläert datt eng Bandwuerminfektioun duerch d'Consommatioun vu Fleesch dat net richteg gekacht oder gebrode ginn ass, ausgeléist ka ginn. Eng 1.000 der Fäll ginn et all Joer an de States.

De Robert Koch Institut schwätzt vun 139 Fäll mat Bandwuerm fir d'Joer 2018 an Däitschland.

Symptomer wéi Problemer mat der Verdauung, keen Honger, Mowéi oder Gewiicht verléieren, kënne net vill bis guer optrieden.