Déi éischt Spam-E-Mail gouf warscheinlech den 3. Mee vum Joer 1978 vun der Firma DEC, der Digital Equipment Corporation verschéckt. Si hu Moduller fir Computere gebaut. An der Mail war eng éischte Kéier Reklamm ze liesen. E Prinzip deen nach benotzt gëtt, fir ongewollt Reklamm ze kréien. Vill Leit ginn enger Etüd no, falsch mat de Spam-Noriichten ëm.

31/01/2020 Richteg mat Spam ëmgoen

D'E-mail Programmer hunn e speziellen Dossier, an deenen d'Spam-Noriichte kënne gesammelt ginn. Fir dass dat awer richteg funktionéiert muss een de Programm e bëssen trainéieren. Mécht een dat net, quëllt engem seng Mailbox geschwënn iwwer.

Et geet scho mol domat un, dass een d'Spam-Mailen och als Spam respektiv Junk soll markéieren. Dat mécht der Etüd vu GMX a Web.de nëmmen all 5.
60% vun den Utilisateure läschen d'Noriicht direkt ouni se opgemaach ze hunn.
Eppes wat een nach ka maachen ass de Mail direkt, manuell an de Spam-Dossier ze beweegen.

Esou léiert een de Filter am E-Mail Programm un, fir dass dëse spéiderhi besser erkennt, wat en engem an d'Inbox oder an d'Poubelle sortéiert.

Wat och nach passéiere kann, ass, dass iech e bekannten eng Mail schéckt, déi dann awer do ukënnt wou se net soll. Am Spamfilter. Och hei muss een d'Noriicht auswielen an an d'Inbox beweegen. Et ass och wichteg dass ee se net, nodeems ee se gelies läscht.

Fir dass dat net geschitt, soll ee seng Kontakter am beschten an d'Adressebuch späicheren.

Fir dass är Mail beim Destinatär op der richteger Plaz ukënnt ass et wichteg dass der e Sujet schreift. Dëse soll op kee Fall ze "weiblech" oder "sexy" geschriwwe sinn. XXX oder Zuele wéi 18 oder Erwuessener asw. fléie meeschtens direkt an Dreckskëscht.

Wie just e Link an d'Noriicht setzt, huet gutt Chancen dass d'Mail net do ukënnt wou se soll.

Um Enn sollt der är E-Mail esou geheim wéi nëmme méiglech halen. Wien sech op all Zort vun Internetsite mat senger E-Mail Adress registréiert kritt et fréier oder spéider mat Spam ze dinn. Klickt och net op Linken an der E-Mail. Äntwert op kee Fall.

Gëtt de Problem schlëmmer, dann huet een um Enn besser eng nei E-mail Adress maachen ze loossen.