Den 2. Abrëll ass et nees esouwäit. Da kënnt mat "No time to die" déi 25t Aventure vum brittesche Geheimagent 007 an de Kino. Gestëppelt gëtt jo scho méi laang, wien da soll déi nächst Roll vum James Bond spillen, eng Fra, oder awer nees e Mann? Mëttlerweil ass awer och d'Fro opkomm, op dann iwwerhaapt nach en James Bond soll gedréit ginn, oder op een de Mann net léiwer an d'Pensioun schécke sollt, well anscheinend steet de Bond-Studio kuerz virun der Faillite.

03/02/2020 James Bond - Kino Adé?

Huet de Léiw elo ausgebrëllt?

Zanter bal 100 Joer mécht de Leo the Lion mat sengem haarde Gebrëlls den Optakt vun all Kinosfilm vun MGM, Metro Goldwyn Mayer. elo, wéi och scho virun 10 Joer ass d'Firma awer a schlechten Dicher a schreift rout Zuelen. D'Streamingiganten Netflix an Apple sti schonn an der Queue a strecken d'Hand aus, Gespréicher lafe schonn an dat hätt och fir de smarte Geheimagent an seng Fans Suitten. et ass nämlech méiglech dass den Titel vum neie Bond - Keng Zäit fir ze stierwen ad absurdum gefouert gëtt, jiddefalls wat d'Iwwerliewe vum Doppelnullagent am Kino um groussen Ecran ugeet. 

Gëtt et den 007 geschwë just nach mat der Lizenz fir d'Couche doheem?

D'Fans géinge bestëmme wou se hiren Entertainment consomméieren, esou d'Barbara Broccholi, d'Produzentin vun der 007 Serie. Do kann een näischt ausschléissen. Well et ass de Spectateur deen d'Decisiounen hëlt an net mir. Dat kléngt erschreckend éierlech, an net gutt... 

Dohier sollt ee vläicht dach awer an de Kino Ugangs Abrëll, well et kéint net nëmmen dee fënneften a leschte Bond mam Daniel Craig als 007 sinn, ma och nach de leschten am Kino. Well och wann de Slogan vun der MGM zanter der Grënnung "Ars Gratia Artis" heescht, also Konscht ëm de Konscht Wëllen, esou geet et dach awer an éischter Linn ëm d'Suen. A wann MGM just duerch e Verkaf ze retten ass, da gëtt e verkaf. 
Dohier ass et duerchaus plausibel dass d'Big Player sech um Streamingmaart zerklappen, well d'Mark James Bond, déi dekoréiert jo awer, ouni Fro. An den James huet net nëmme schonn e puermol d'Welt virun enger Katastroph gerett, ma en huet och Finanzkraaft. Ouni Bond wär MGM scho virun 8 Joer Hopps gewiescht, well déi 24 Filmer hunn hinne bis ewell iwwer 15 Milliarden Dollar agespillt.