Nieft der Aarbecht an de Fräizäitaktivitéiten nach Zäit fanne fir Sport. Wien erëm méi Sport wëll bedreiwen, verzweiwelt oft drun einfach keng Zäit ze hunn. Beim Fitness-Trend HIIT, dierft dat awer keng Excuse méi sinn. Ronn 20 Minutten dauert do een Training. Et ginn awer e puer Saachen déi ee wësse sollt ier een sech lancéiert. D'Julie Dupont huet déi fir eis.

03/02/2020 Neie Fitness-Trend: HIIT?

HIIT steet fir High Intensity Intervall Training, wat een als eng intensiv Form vum Intervalltraining kann iwwersetzen. Beim Intervalltraining gi jo eng Parti Exercicer gemaach, an dann eng Paus, bei der de Bols vum Sportler Zäit kritt erëm erofzegoen.

Majo an HITT ass e bësselchen déi extrem Versioun vum normalen Intervalltraining. Well déi oft wuel verdéngten an erstriewte Pause fale quasi ewech. Tëscht all Intervall huet ee bei der HITT Methode maximal 60 Sekonnen. Ganz egal wéi séier d'Häerz do grad pompelt. Dat ass virun allem fir eng Persoun déi erëm mam Sport ufänkt net laang. Am Ganzen dauert dës Zort Training awer nëmmen 20 Minutten. An all Intervall tëscht 15 an 60 Sekonnen. Et huet also de Virdeel, dass ee wierklech net nach muss vill Zäit fir den Training aplangen. Mee déi 20 Minutten sinn dann och richteg intensiv. D'Fro déi sech scho stellt ass: bréngt et dann iwwerhaapt eppes?

Fir op déi Fro ze äntwerten, wier et virun allem emol wichteg ze wëssen, wat ee sech dovu versprécht. Well HITT ass keng Sportaart, mee einfach eng Form vun Training. HITT kann een also souwuel mat Gewiichter, wéi och beim Lafen dobausse maachen. Deemno ass HITT fir jiddereen dee Loscht huet, méi ee kuerzen an awer dach intensiven Training ze maachen. Méi laang wéi déi 20 Minutten soll den Training awer och net ausfalen. An och maximal 2-3mol d'Woch. Well méi wär dees Gudden ze vill. Dat heescht awer elo net, dass een déi aner Deeg net trainéieren dierf, et sollt een et just e bësse méi lues ugoen.

Wien seng kierperlech Fitness well verbesseren, kann dat mat HITT sécher maachen. Wien awer wëll Sport maachen wéinst dem Bluttdrock, oder fir ofzehuelen, gëtt op laang Dauer villäicht éischter mat klassesche Methoden zefridden. Well d'Etüden déi bis elo iwwer HITT gemaach goufen, weisen do keng eendeiteg Resultater. Wat also bei dem enge klappt, gëllt net onbedéngt fir deen aneren.

Wie kierperlech fit ass, also keng Problemer mam Häerz, der Ootmung, oder soss huet, kann HITT bedreiwen. Ufänger sollen awer am allgemengen net ze sturazeg s inn, an op  de Kierper lauschteren. Et ass och ni schlecht ee klengen Check-Up beim Dokter ze maachen, fir sécher ze sinn, dass aus dem Sport, net herno nach Mord gëtt.