Wee kräischt huet manner Stress, et botzt eis Séil a kann eis positiv Gefiller zeréckbréngen. Dofir ass et net vu Muttwëll fir Tréine méi dacks einfach mol zouzeloossen, an sech vulnerabel ze weisen, Michèle? 

03/02/2020 Kräischen ass gesond fir eis

Kräischen ass fir déi meescht desagreabel, op mannst mol an der Ëffentlechkeet. Wann d'Ae fiicht ginn, an deen Hals op eemol schwëllt, dann ass den éischten Impuls dacks d'Tréinen z'ënnerdrécken an ofzeschlécken. Dobäi ass Kräischen awer eppes ganz Natierleches an eng Expressioun vun Emotiounen am Gesiicht vun engem Mënsch. 

Kleng Kanner kräische fir d'Ënnerstëtzung vun hiren Elteren anzefuerderen, an och spéider mécht en erwuessene Mënsch virun allem en Appell un  d'Empathie vum Géigeniwwer. Virun engem aneren ze kräische schaaft awer och eng nei Form vu Proximitéit zu dëser Persoun. Et erlaabt een senge Matmënschen e Bléck hannert d'Fassade a mécht sech op, ewech vum Wonsch perfekt wëllen ze sinn. 

Ma egal op an der Gesellschaft oder eleng, kräische ka befreien a soll esouguer gesond sinn. Ween seng Tréinen ze dacks ënnerdréckt, dee setzt säi Stresslevel an d'Luucht a begënschtegt héije Bluttdrock, Häerzerkrankungen, Problemer mam Mo, Depressiounen oder Angschtattacken.

Tréine sinn awer net gläich Tréinen.

Et kënnt nämlech ganz drop u firwat mer kräischen. Fuerscher hu verschidden Aarte vun Tréinen differenzéiert: Reflextréinen, déi entsti wann e Stëbskär an d'A flitt, basal Tréinen déi op ganz natierlech Manéier d'A fiicht halen a botzen, an emotional Tréinen, déi eng Expressioun vun eisem Gemittszoustand sinn. A wat faszinant ass, ass dass all Tréinenaart eng aner chemesch Zesumesetzung huet. De Kierper weess firwat mer kräischen a reagéiert deementspriechend fir eis ze hëllefen.

Kräische reduzéiert awer och Stress an hält eis an der Balance. Emotional Tréinen hunn eng däitlech méi héich Konzentratioun vu gëftegen Hormoner déi am Kierper de Stresshormon Cortisol undreiwen. Beim kräische gëtt also wuertwiertlech de gëftege Stress aus dem Kierper erausgespullt. Ausserdeem hëlleft et fir dat natierlecht Gläichgewiicht vun de Kierperfunktiounen oprecht ze halen.

Doriwwer eraus klengt et zwar paradox, mee kräische mécht och nach glécklech. Eise Kierper schëtt Endorphinen an e puer berouegend Stoffer aus wa mer kräischen, fir eis Gefiller nees an d'Gläichgewiicht ze bréngen. Mir sinn dono nees méi glécklech a kënne méi kloer denken. Mee keng Suerg, et geet net drëms fir no den Tréinen direkt vu Freed an d'Luucht ze sprangen, mir brauche schonn eng Zäitche fir eis z'erhuelen. Meeschtens fillt een sech no 90 Minutten dann dacks esouguer besser wéi virum Kräischen. Aus psychologescher Siicht ass Kräische wichteg, well wien Tréinen ënnerdréckt, deen hält och seng Gefiller zeréck a staut déi bannendran op. 

Sech heiansdo mol gutt auskräischen ass also gesond an net méi wéi normal. Sollt déi Situatioun awer unhalen an d'Tréinen ëmmer méi dacks fléissen, ass et vläicht net schlecht awer mol Hëllef opzesichen, well dat kéint dann en Unzeeche vun enger Depressioun sinn.