
© pixabay.com
Déi eng Déiere liewe just Minutten an anerer éiweg! 40 Minutte wier d'Liewensdauer vun enger Méck an e Jelliskapp wier onstierflech, well aus den Zellen ëmmer genetesch identesch nei Polyppen entstinn. Den eelste Mënsch hat eng 122 Joer, den Duerchschnëttsalter vum Homo sapiens läit bei 72 Joer, d'Marie Gales huet do interessant Zuele fonnt.
Firwat liewen déi eng Kreaturen éiweg an anerer net? Déi Fro beschäftegt nach ëmmer e ganze Fuerschungsapparat; natierlech ganz am Sënn fir wann een dëst Rätsel an der Déierewelt léist, een domadder och dem Mënsch hëllefe ka seng Existenz iwwert déi 122 Joer eraus an d'Längt ze zéien.
Un Theorien an Erkenntnisser soll et net feelen, sou huet ee konstatéiert, dass grouss Déieren an der Reegel méi al ginn wéi Klenger. A vill Liewewiesen a kale Géigende bréngen et och op e méi héijen Alter, well de Stoffwiessel méi lues gëtt. Dësweideren hunn d'Wëssenschaftler Spezie fonnt, déi hir DNA viru Mutatioune schütze kënnen an d'natierlech Deele vun hiren Zelle weider entwéckelen an dës waren och méi al ginn.
100 Tonne schwéier an 20 Meter laang ass de Grönlandwal an deen Eelste soll eng 211 Joer kritt hunn. En Team ëm de Biolog Craig George an Alaska hat 1999 duerch Analysen vun den Aelënse vun 42 Walen dëst erausfonnt. An deene Mamendéiere goufen och ural Harpunspëtzen aus Steen vu Juegte viru laanger Zäit fonnt. Allerdéngs kann de Wal apaken nieft dem Gröndlandhai mat enger Tonn Gewiicht an enger Längt vu 4-5 Meter. Am Duerchschnëtt soll dee Bewunner vun den arktesche Mierer eng 400 Joer al ginn an deen eelsten Hai vun dëser Zort hätt et op 500 Joer gepackt. Dänesch Fuerscher hunn dat 2016 constatéiert, och do gouf d'Aelëns ënnersicht.
Elo kéint een dann einfach zum Schluss kommen, wat méi grouss a wat méi kal, wat méi eng laang Liewenserwaardung. Et dierf een awer net vergiessen, dass déi 2 Beispiller keng natierlech Friessfeinden hunn.
An da wieren do och déi kleng Kreaturen, déi dës Reegel net confirméieren, zum Beispill déi ''Grouss Bartfliedermaus'', déi dach bis zu 41 Joer kann al ginn. E puer Zentimeter ass déi grouss a weit eng 7 Gramm. A Sibirien war e ganz Trupp vun hinnen an den 1960er ënnersicht ginn an 2004 konnt een duerch d'Beréngung erkennen, dass der e puer vun hinnen nach ëmmer gelieft hunn. Anscheinend kéinte si
d'Schutzhülsen vun hire Chromosomen an der DNA erneieren.
Och wann ze erkläre wier, firwat sou munch Déier sou al gëtt, kann een net vun enger bestëmmter Zort op all aner Liewewiese schléissen. Firwat gëtt e Kaweechelchen am Duerchschnëtt 3 Joer an eng Maus just 1 Joer?
Firwat kann e Krokodil bis zu 115 Joer al ginn an d'Galapagos-Deckelsmouk der 176? Peanuts zu der Aldabra-Deckelsmouk mam Rekord vun 256 Joer bei hirer Zort.
Dat eelsten Hong soll eng 16 Joer viru sech higegackert hunn an den asiateschen Elefant kann et bis op 80 Joer paken.
Iwwregens en Homard, wann een dann net am Kachdëppe lant, kann am Duerchschnëtt eng 50 Joer kréien, deen Eelste soll eng 140 Joer gelieft hunn.
Muschelen, och Liewewiesen kënnen impressionant Zuelen opweisen, 160 Joer hat déi eelsten Elefanterüsselmuschel an den Antarktesche Riseschwamm lieft am Duerchschnëtt eng 10.000 Joer!