Wat loosse mer eis net alles afalen, wann et ëm déi léif Gesondheet geet. De Kierper entgëften, Gewiicht verléieren, un Tipps an Tricks feelt et sécherlech net. Eng brittesch Zänndoktesch huet elo eng Rëtsch Rotschléi vun Influencer a selwer-ernannte Gesondheetsguruen op de Leescht geholl a festgehalen.

05/02/2020 Gesond, awer schlecht fir d'Zänn

D'Anna Middleton, Grënnerin vu „London Hygienist“ bréngt et esou op de Punkt: „Wann  ech menger Gesondheet wëll ënnert d'Äerm gräifen, loossen ech mer léiwer vun engem kompetente Berufsmedeziner hëllefen ewéi vun engem, dee behaapt e hätt Anung, just well en 10.000 Instgram-Abonnenten huet!“

Als ausgebilten Zänn-Medezinerin huet d'Anna Middleton vrun allem Hausmëttel-Trends am Kontext vun der Zännfleeg am Viséier, déi am schlëmmste Fall de Contraire kënne bewierken.

Ganz am Trend ass jo ewell dat sougenannt „Ueleg-Zéien“, wou ee säi Mond 15-20 Minutte laang mat Kokosueleg ausspullt. Dat soll entgëften, bei Entzündungen hëllefen an d'Zänn méi wäiss maachen. D'Gefor ass déi, datt een op eemol just nach mat Ueleg spullt. Dat ersetzt awer nimools dat normaalt Zännwäschen resp. d'Zännseid, déi ëmmer nach e Garant fir optimal Mondhygiène sinn.

E weideren Hype am Buedzëmmer ass déi sougenannt Aktivkuel. Gro, bal schwaarz Zännseef, déi eis Salle à manger nees wäiss mécht. E Beweis gëtt et heifir allerdéngs net. A wann déi schwaarz Partikelen mol vereenzelt a klengen Zännrëss hänke bleiwen, gesäit dat och net immens aus.

Zahnpasta ouni Fluoriden. Fluor gouf a rezenter Vergaangenheet mat Kriibserkrankung, Diabetes an Demenz a Relatioun bruet. Riskant kann et ginn, wann een ëss kiloweis ofschléckt, wat jo sécher net de Fall ass. Fluor ass, esou d'Anna Middleton, onëmgänglech fir d'Bildung vum Email.

Waarmt Waasser mat e puer Scheiwen Zitroun – dat stäerkt den Immunsystem, entgëft, bréngt Energie an hëlleft schlank ze bleiwen. Zitrounewaasser, waarm oder kal, bitt vläicht en erfrëschende Start an den Dag, mat Entgëften huet et awer näischt ze dinn. Heifir si Liewer an Niren do. An ze vill Zitrounesaier provozéiert sensibel Zänn, déi mat der Zäit méi séier giel kënne ginn.

Idem fir den Äppelesseg an der Waasserfläsch, ganz beléift an der Modelwelt. Probiotesch a räichhalteg, eliminéiert Gëfter a Kiloen. Och hei d'Erkenntnis, datt iwwert ee méi laangen Zäitraum irreparabel Schied um Zänn-Email kënnen entstoen.
An zu gudder Lescht: gedréchent Uebst, deen ideale gesonde Snack wann dee klengen Honger sech mellt. Schéin a gutt, wann do net dee villen Zocker wier. An Zocker an Zänn ... dat wäerte wuel ni grouss Frënn ginn.

Fir et kuerz ze maachen: D'Anne Middleton wëll eis op kee Fall d'Freed um Gesondheetstrend huelen. Warnt awer virun iwwerdriwwener Ëmsetzung a rifft eis mol nees eppes an Erënnerung, wat mer dacks ausser Uecht loossen: Et soll een net alles fir boer Mënz huelen, wat sou doruechter gesot a geschriwwe gëtt.